Radioen

On air

Notturno  |  Faye Webster - But Not Kiss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronnen Dësch: "Mir gi keng Walempfeelung"

Walpréifsteng fir Chamberwalen

Ronnen Dësch: "Mir gi keng Walempfeelung"

Am Kader vum Ronnen Dësch, engem labberen Zesummeschloss vun ënnerschiddleche gesellschaftlechen Acteuren, hunn eng Dosen Associatiounen, dorënner d'Caritas, de Mouvement an d'ASTI, 25 sougenannt Walpréifsteng definéiert, déi sech awer net un d'Parteien, mee un d'Wieler:inne riichten.

auto_stories

1 min

De Serge Kollwelter ass Porte-parole vum Ronnen Dësch. (Foto: Chris Zeien)

"Mir gi keng Walempfeelung", ënnersträicht de Serge Kollwelter, Porte-parole vum Ronnen Dësch. Éischter well een d'Wieler:innen dozou bréngen, sech mat den Inhalter auserneen ze setzen.

"Well een, dat ass elo meng perséinlech Meenung, jo awer d'Gefill huet, datt bei deene Walcampagnen dat Inhaltlecht an där Mapp verstoppt ass, déi d'Kandidate mat op d'Debatte bréngen, a se kaum déi Mapp opmaachen, fir sech mat Inhalter ausenaner ze setzen."

D'Wieler:inne guidéieren

Et geet drëm, d'Leit bei der Lecture vun de Walprogrammer ze guidéieren, an hinnen eng Hëllef ze ginn, fir déi Partei ze fannen, déi den eegenen Iddien am nooste kënnt, wéi de Serge Kollwelter erkläert. Et wéilt een de Wieler:inne Sujete virschloen, déi fir si oder d'Gesellschaft kéinten eng Wichtegkeet hunn.

D'Walpréifsteng fënnt een um Site ronnendesch.lu.