Aarbechtsmarché 212.000 Frontaliere pendelen all Dag iwwer d'Grenz

Zu Lëtzebuerg schaffe 458.000 Leit, déi grouss Majoritéit dovun huet net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, wunnen och net zu Lëtzebuerg.

Paule Rodesch / Rick Mertens / cbi

Groussgas
D'Groussgas an der Stad. Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Hicazi Oezdemir (Archiv)

Lauschteren


D'Zuele vum Statec weisen, datt déi grouss Majoritéit vun de Leit, déi hei am Land schaffen, net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Bal d'Hallschent vun hinne wunnt och net hei am Land: 212.000 Frontaliere pendelen nämlech all Dag iwwer d'Grenz - déi meescht dovun aus Frankräich.

Mee och ënnert den 246.000 Residenten, déi eng Aarbechtsplaz hei am Land hunn, huet eng knapp Majoritéit en auslännesche Pass.

D'Zuele vum Statec weisen dann och, datt zanter dem Confinement vun 2020 vill vum Télétravail Gebrauch gemaach. Zwee vu fënnef Salariéen hunn d'lescht Joer vun doheem aus geschafft.

Bannent de leschte 50 Joer ass déi duerchschnëttlech Aarbechtszäit pro Employé konstant erofgaangen, vun iwwer 1.900 op 1.530 Stonnen d'Joer. Grond dofir ass de méi héijen Undeel u Leit, déi nëmmen Deelzäit schaffen, Dräivéierel dovu si Fraen.

Gender Pay Gap geet erof

De Statec huet dann och ausgerechent, datt d'Ënnerscheeder am Salaire tëscht Männer a Fraen iwwer déi lescht 15 Joer staark zeréckgaangen sinn.

An der Privatwirtschaft ginn et op d'Stonn gerechent praktesch keng Ënnerscheeder méi tëscht dem duerchschnëttleche Salaire vu Fraen a Männer.

Allerdéngs ginn et gewësse Beräicher, notamment op der Finanzplaz, am Immobiliësecteur an an de Wëssenschaften, wou deen Ecart iwwerall bei iwwer 20 Prozent läit.

Am Konstruktiounssecteur an am Beräich vun der Konscht an de Fräizäitaktivitéiten, verdéngen d'Fraen pro Stonn iwwerdeems am Duerchschneit méi ewéi d'Männer.

Méi zum Thema

Stad Lëtzebuerg
Populatioun

D'lescht Joer si méi Lëtzebuerger aus Lëtzebuerg ausgewandert, wéi der op Lëtzebuerg komm sinn. Dat huet de STATEC an enger Etüd festgestallt. Ee vun de méigleche Grënn: déi héich Logementspräisser.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen