Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 25 Joer Immigratiounspolitik

25 Joer radio 100,7

25 Joer Immigratiounspolitik

Bannent 25 Joer gouf et zu Lëtzebuerg een aussergewéinlechen Zouwuess vun der gesamter Populatioun. De Grand-Duché huet sech nei Gesetzer an Instrumenter gi fir d'Integratioun ze fërderen. D'Carole Schimmer huet déi gréisste Reformen aus de leschte 25 Joer am Beräich Immigratioun an Integratiounspolitik beliicht.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock MicroOne

Déi demografesch Entwécklung war bannent deene leschte 25 Jore ganz dynamesch. 1993 hunn am Ganze ronn 400.000 Persounen zu Lëtzebuerg gelieft. Deemools ware ronn 30 Prozent Net-Lëtzebuerger. 25 Joer drop sinn et der 602.000, 48 Prozent vun de Residente sinn Auslänner. Déi portugisesch Communautéit ass a bleift déi gréissten, 1993 waren et eng 40.000 Persounen, 25 Joer drop sinn et der knapp 97.000. Nach méi dynamesch war d'Entwécklung bannent der franséischer Communautéit. D'Zuel u franséische Residenten ass vun 13 Dausend op bal 46.000 geklommen. Dovunner liewen der 20.000 eleng an der Stad Lëtzebuerg. A verschidde gréissere Stied wéi d'Stad Lëtzebuerg läit den Taux bei 70 Prozent Auslänner, d'Fransouse forméieren déi gréissten auslännesch Communautéit.

Lëtzebuerg ass also een Immigratiounsland, ouni de Phenomen vun de Grenzgänger bannent där Zäit ze vergiessen.

Déi demografesch Dynamik huet eng Rei Erausfuerderunge mat sech bruecht. Souwuel um Niveau vum Wunnengsmaart, ewéi och an der Schoul an am Beräich vun der Integratioun. D'Wahlrecht an déi demokratesch Participatioun si weider Froen déi bannent där Period opgeworf, an zum Deel beäntwert goufen.

D'Prozedure gi vereinfacht

Viru 25 Joer gouf et fir d'Bierger aus Drëttstaaten eng ganz komplex Aarbechts- an Openthaltsgenehmeegungsprozedur, déi grad ewéi haut och d'Prérence communautaire virgesinn huet, mee wou d'Persoun an enger éischter Phase zwou Geneemegunge krut, woubäi een déi Demarche huet missten no engem an no dräi Joer widderhuelen, et war een och net fräi de Patron ze wiesselen. Soss huet déi Prozedur misste vu vir ugefaange ginn. Am Juli 2008 gouf déi Prozedur geännert. Vun deem Moment u gouf et och nëmmen nach een eenzegen Typ vun Aarbechtsgeneemegung.

Fir d'Auslännerorganisatioun Asti ass dat neit Immigratiounsgesetz ee Schratt no fir gewiescht, mee et wier net duergaangen, sot de Jean Lichtfous vun der ASTI. "Mir hunn als ASTI, zesumme mat all deenen aneren Associatiounen an engem Avis geschriwwen, datt mir d'Non-Communautairen mat de Communautaire gläichgestallt ginn. Da wier d'Gesetz vill méi kuerz, vill méi liesbar, vill méi transparent gewiescht an et hätt manner Komplikatiounen fir d'Leit selwer an och fir d'Associatiounen."

Upassunge fir Leit aus Drëttstaaten

D'Situatioun vun de Studenten aus Drëttstaaten, déi dacks net genuch Sue vun hiren Eltere konnte kréien, war och een Thema. De Minister François Biltgen wollt hinnen zéng Stonne maximal pro Woch erlaben. Dat huet den DP-Politiker Xavier Bettel deemols schaarf kritiséiert. "Déi Leit, wa se schonn d'ganzt Joer schaffen, hu se och e Recht op eng Vakanz. An de Berechnungen, déi de Minister eis ginn huet, war emol nach keng Rees mat agerechent. Dat heescht, déi Leit, wa se heihi studéiere kommen, dann kënnen déi mol net heem fueren. A wann dat dann een Etat Tier ass, zum Beispill an Afrika oder Asien, da kascht den Ticket och relativ deier."

Weider Etappen am Sënn vun enger Upassung vun de Rechter tëscht EU-Bierger a Bierger aus Drëttstaaten, goufen et wat de Regruppement familial ugeet. D'Recht vum Kand op Kontakt mat den zwee Elterendeeler ass als determinant festgeluecht ginn. Och d'Aarbechtsgeneemegung fir e Bierger aus Drëttstaaten, déi mat engem EU-Bierger bestuet oder gepacst gouf ofgeschaaft. Eng weider Etapp, gouf et am Beräich vun der Integratioun mam Schafe vum Office Luxembourgeois d'Accueil et d'integration. D'Zil vum Gesetzesprojet war den Acceuil an d'Integratioun vun den Auslänner, de Kampf géint d'Diskriminéierung an d'Organisatioun vun der Sozialhëllef zu Gonschte vun den Auslänner.

Den OLAI, ersetzt de Commissariat aux étrangères, an huet nei Instrumenter geschaaft fir d'Integratioun ze fërderen, ewéi de Contrat d'Accueil et d'intégration, an de méi rezente PIA, de Parcours d'intégration accompagné.

Sprooch gëtt Kritär fir Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien

Den Zougang zu Sproochecoursen - ënnert anerem am Lëtzebuergeschen oder och am Franséischen - gëtt duerch de Contrat d'intégration vereinfacht. Bannent deene leschte 25 Joer ass iwwerdeems aus dem Centre des langues, den Institut des langues entstanen. Een Institut dee reegelrecht iwwerrannt gëtt: Well d'Waardelëscht laang ass, ginn haut méi ewéi jee Lëtzebuergesch Enseignantë gesicht a rekrutéiert.

D'Sprooch ass iwwerdeems och bannent deene leschte 25 Joer ee Kritär gi fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, dëst parallel zur Aféierung vun der sougenannter duebeler Nationalitéit. Op Propositioun vum François Biltgen, hunn d'Auslänner déi wollte Lëtzebuerger ginn, net méi missten op hir aner Nationalitéit verzichten.

De Justizminister Luc Frieden hat awer am Gesetz nei Barrièren agefouert. D'Residenzdauer gouf verlängert an d'Sproochkompetenzen am Lëtzebuergesche goufen eropgesat, wat d'DP-Deputéiert Colette Flesch an der Chamber kritiséiert huet. "An engem EU-Staat, deen den auslännesche Matbierger esou vill Wuelstand ze verdanken huet, plädéiere mir fir d'Sozial Kohesioun, fir ee wierklecht Demokratieverständnis an enge reell Ouverture, déi de Kandidaten zur Naturalisatioun keng inavouéiert an inavouabel Obstakelen an de Wee leet", esou d'Colette Flesch an der Chamber.

An engems gouf awer d'Prozedur geännert. Bis 2008 krut een d'Nationalitéit iwwert ee Gesetz, dat an der Chamber huet misste gestëmmt ginn, vun Oktober 2008 un war et eng administrativ Demarche. Ee weidere Schratt gëtt et 2017 mat der Aféierung vum Droit du sol. Persounen déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, kréien automatesch déi Lëtzebuerger Nationalitéit wa se 18 Joer al sinn, a wa se fënnef Joer Residenz kënnen opweisen.

D'Wahlrecht gëtt ausgeweit

D'Wahlrecht fir d'Auslänner gëtt et zu Lëtzebuerg engersäits fir d'Gemengewahlen, ënnert dem deemolegen Inneminister Michel Wolter war et d'Propos datt och d'Bierger aus Net-EU-Memberlänner d'Wahlrecht bei de Gemengewahle sollte kréien.

Dat aktiivt a passiivt Wahlrecht gouf fir d'Auslänner bei de Gemengewahle fir jiddereen agefouert. Donieft spillen d'Sozialwahlen eng Roll. Do kritt jiddwereen - egal ob Resident oder Frontalier - d'Wahlrecht accordéiert.

Fir d'Wahlrecht bei de Chamberwahle goung et 2015 beim Referendum net esou wéi d'Dräierkoalitioun sech dat erwënscht huet, 78 Prozent vun de Wieler hunn dogéint gestëmmt. D'Wahlrecht soll deemno och an Zukunft iwwer d'Nationalitéit gereegelt ginn.

D'Sprooch an der Educatioun

Wann ee vun Immigratioun schwätzt da muss een och vun den Erausfuerderunge fir d'Educatioun schwätzen. Duerch déi demografesch Entwécklung huet sech och de Problem vun de Sproochen an de Schoule gestallt. Engersäits well a verschiddene Stied a Gemengen de Prozentsaz un Auslänner héich ass, dohier och d'Schwieregkeet fir Kanner déi net zu Lëtzebuerg gebuer sinn an déi méi spéit an d'Land koume fir an der Schoul no ze kommen.

Et gesäit een iwwerdeems, datt déi allermeeschten auslännesch Kanner an den Technique orientéiert ginn. Aus deem Grond an och well eng Rei Auslänner fir eng Iwwergangsperiod zu Lëtzebuerg liewen, goufen international Klassen agefouert. Am ëffentlechen Enseignement gouf 2006 deen éischte Bac international français am Lycée technique du centre an d'Liewe geruff. Ee Joer drop koum den engleschen internationale Bac, grad ewéi de Schengener Lycée zu Perl. International Schoule ginn et zu Esch, Déifferdeng, Mondorf, Jonglënster a Klierf.