Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "25 Prozent manner Iwwernuechtungen a Jugendherberg"

Bloalgen am Stauséi

"25 Prozent manner Iwwernuechtungen a Jugendherberg"

Wéi een Impakt hunn d'Bloalgen op d'Iwwernuechtunge beim Stauséi? D'Campinge si manner vu Stornéierunge betraff, esou verschidde Campingbedreiwer. Verschiddener schwätze vun engem aussergewéinlech gudde Joer. Anescht gesäit dat awer bei der Jugendherberg zu Lëlz aus. Et hätt een an der éischter Halschent vum August ronn 25 Prozent manner Iwwernuechtunge gehat, wéi d'lescht Joer ëm déi selwecht Zäit, seet de Serge Pommerell, Responsabele vun der Jugendherberg vu Lëlz.

auto_stories

2 min

Serge Pommerell: Mir si vun 800 Iwwernuechtungen d'lescht Joer op 578 zeréckgaangen, déi éischt zwou Wochen am August. Et ass schwéier ze soen, wéi dat elo viru geet. De Réckgang ass ganz konkret ze spieren, genee wéi d'Stornéierungen. Mir hunn 113 Stornéierunge fir den August. Wat net kann erfaasst ginn, si Leit, déi wollte kommen an déi elo net kommen.

Armanda Scheuer: Op de Campinge soll et keng Stornéierunge gi sinn, well een de Moment nach an d'Sauer goe kann. Si verschidde Regiounen esou ofhängeg vum Stauséi a vun den Aktivitéiten, déi ee ronderëm de Stauséi ka maachen?

Dat ass schonn ee ganz wichtege Punkt, obwuel mir an där Hisiicht nach Chance haten, wat déi meeschte Wantersportaarten ugeet, déi mir ubidden. D'Situatioun vum Dagestourismus ass méi dramatesch, deen ass komplett agebrach. Mir bidden um Stauséi jo och Animatiounen, wéi Kanu- a Kajakfueren a Stand-up-Paddling; deen ass natierlech op null de ganzen August.

Bei Iech komme virun allem jonk Leit an d'Jugendherberg. Si sinn dann virun allem drop aus, fir Waassersportaktivitéiten ze maachen, oder hu si och aner Pläng, firwat si bei Iech kommen?

Jo, also Lëlz ass eng Jugendherberg an déi ganz vill Jonker aus der Regioun oder och aus Lëtzebuerg hikommen. Déi wëllen an der Regel vun de Waassersportaktivitéite profitéieren. Déi sinn natierlech enttäuscht, datt dat elo net méiglech ass. Aner Aktivitéite wéi Sproochecoursen, déi zéien natierlech hire Programm duerch.

Wéi eng Moossnamen hu Dir geholl, fir dem Visiteurschwund entgéint ze wierken?

Mir hunn de Leit en Alernativprogramm virgeschloen, wou mir dat konnten. Mir hu jo och eis Animateuren am Asaz. Mir hu Geo-Cache oder soss Aktivitéite virgeschloen, déi si kënne maachen.

Duerch d'Hëtzt ,déi et och elo gouf, waren awer och Klammaktivitéiten oder Trampolin schwiereg.