Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3.000 Aarbechtsplazen am Finanzsecteur?

Brexit

3.000 Aarbechtsplazen am Finanzsecteur?

Wéi vill Aarbechtsplaze kënnen zu Lëtzebuerg duerch de Brexit entstoen? 3.000, gëtt den Direkter vu Luxembourg for Finance vun enger franséischer Presseagence zitéiert. Um radio 100,7 kommentéiert hien déi Zuel.

auto_stories

2 min

Den Nicolas Mackel géif sech duerch de Brexit 3.000 weider Aarbechtsplazen am Finanzsecteur zu Lëtzebuerg erhoffen, hat d'Agence AFP geschriwwen. Dat wier falsch formuléiert esou den den Direkter vu Luxembourg for Finance op Nofro hin.

D'Journalisten hätten haaptsächlech wéilte wëssen, wéi vill Aarbechtsplaze London géife verloossen. Dat géif vum Ausgang vun de Verhandlungen tëschent Groussbritannien an der EU ofhänken, sou den Nicolas Mackel. Doropshin hätten d'Journaliste gesot, d'Konkurrente géifen Zuelen nennen, Frankfurt hätt viru kuerzem vun 80.000 Aarbechtsplaze geschwat. "Dat sinn Zuelen déi eis guer net realistesch a kredibel schéngen. An an deem Kontext hunn ech meng Estimatioun, iwwert den Daum gepeilt, bei 3.000 geluecht." Dat wier méi eng kredibel, realistesch Esitmatioun.

"Net nëmme Banquiere vu London"

Vun de geschaten 3.000 Aarbechtsplazen, déi duerch de Brexit kéinten zu Lëtzebuerg geschaaft ginn, wieren déi meescht fir Leit, déi souwisou schonn zu Lëtzebuerg géife schaffen sou den Nicolas Mackel.

"Dat sinn net nëmme Banquieren, déi vu London op Lëtzebuerg geschéckt ginn." Et géifen och Comptabelen, Juristen, Leit fir IT, Sekretariat oder soss administrativ Funktioune gebraucht ginn.

An de leschte Méint hätt e kéinten observéieren wéi d'Banken zu London hier verschidden Aktivitéiten verdeelen. "Jee nodeem wou en Ecosystem existéiert, deen dës Aktivitéit am Beschte kann ënnerstëtzen. An do huet Lëtzebuerg verschidde Stäerkten a verschidden Aktivitéiten." Lëtzebuerg wier virun allem Staark an der Fongenindustrie, der Verméigensverwaltung an an der Assurancenindustrie. Weider Virdeeler wieren enger stabil Ekonomie a Politik, an déi vill verschidde Sproochen, sou den Nicolas Mackel.