Radioen

On air

Resonanzen  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.87 a La Majeur, IV. Finale Vivace - Orchestre de chambre de Paris, Douglas Boyd (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Obligatoreschen 3G op der Aarbecht: Reaktiounen op déi nei Mesuren

Gewerkschaften an Oppositioun

Obligatoreschen 3G op der Aarbecht: Reaktiounen op déi nei Mesuren

D'Gewerkschafte ginn en éischter positiven Echo op déi nei Covid-Mesuren, déi jo en obligatoresche CovidCheck op der Aarbechtsplaz aféieren. Et bleiwen awer nach eng Partie Onkloerheeten.

auto_stories

2 min

Bei der Oppositioun sot den CSV-Parteipresident Claude Wiseler hie wier prinzipiell d'Akkord mat den neie Mesuren, déi 2G fir d'Fräizäit an 3G fir d'Aarbecht virgesinn. Och den 3G plus fir d'Spideeler an d'Altersheemer gesäit hien als eng "absolut Noutwendegkeet". Mat deene méi restriktive Moossname kéint d'CSV also liewen, mee de Claude Wiseler wéilt op de proposéierte Covid-Text waarden, ier hien eng definitiv Positioun zu den neie Mesuren huele wëllt.

D'Pirate reagéiere mat gemëschte Gefiller: Si ënnerstëtzen d'Reduzéierung vun der Gëltegkeetsdauer vun de PCR- a Schnelltester. D'Mesurë géifen awer net wäit genuch goen, dat ënner anerem an de Schoulen, sou d'Piraten an engem Communiqué.

D'genau Konditiounen mussen nach beschwat ginn

Bei de Gewerkschafte gouf et no Gespréicher gëschter mat der Regierung éischt positiv Echoen. D'Gewerkschaften haten dee fräiwëllege CovidCheck op der Aarbecht jo vill kritiséiert a mat gewerkschaftlechen Aktioune gedreet. De Patrick Dury, President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond LCGB sot gëschter:

"Déi Gespréicher sinn u sech gutt gelaf an dem Sënn dat mer eng komplett Strategie vun der Regierung erkläert kritt hunn, eng Strategie déi sech jo net nëmmen op d'Aarbecht bezitt, mee och ganz einfach op d'Fräizäit, op eist Liewen."

Et wier een elo amgaange mat der Regierung ze kucken, wéi eng Konditiounen op der Aarbechtsplaz agefouert ginn, fir "do mat der Regierung op dee Wee kënnen ze goen".

Och beim Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL fënnt d'Presidentin Nora Back, déi nei Mesurë géifen an déi richteg Richtung goen. Et wier positiv, datt d'Regierung hir Verantwortung ze iwwerhuele schéngt, an datt et net méi just un de Patronen zesumme mat de Leit dofir suerge mussen, datt d'Leit sech impfe loossen.

Obwuel d'CGFP vun Ufank un ganz vehement géint eng fräiwëlleg 3G-Flicht op der Aarbechtsplaz war, ginn et elo mat dem obligatoreschen 3G manner Problemer, fënnt de Romain Wolff:

"Dat muss ee jo och wëssen, datt mir ni géint Impfe waren, mee dat mir ëmmer ganz kloer gesot hun, wann de Covid-Check duerchgezu gëtt op der Aarbechtsplaz, datt et op kee Fall dierf geschéien, datt Leit hir Aarbechtsplaz doduerch dierfe verléieren (...) Do waarde mer natierlech elo op eng Reaktioun vun der Regierung, datt se eis seet, datt dat wierklech keng Optioun ass."