Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400 Milliounen Euro fir d'Kooperatioun

Entwécklungshëllef

400 Milliounen Euro fir d'Kooperatioun

2018 huet de Grand-Duché 400 Milliounen Euro an d'Entwécklungshëllef investéiert. Dëst Joer sinn et 420 Milliounen. Iwwer déi nächste Jore wéilt ee weiderhin ee Prozent vum RNB, dem Nationale Brutto Revenu, an d'Kooperatioun fléisse loossen, dat sot d'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert an hirer Deklaratioun an der Chamber.

auto_stories

3 min

D'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert huet an der Chamber d'Kooperatiounspolitik presentéiert

Wéi eng Ausgaben an der Berechnung betruecht ginn ass ee wichtegt Element. Sou gi Klimaschutzprojeten net mat aberechent, mat der Iwwerleeung, datt déi äermste Länner am meeschten ënner dem Klimawiessel leiden, obwuel se am mannsten dozou bäigedroen hunn.

Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser ass net där Meenung. Lëtzebuerg géif vill Suen a Punkto Flüchtlings- a Klimaleeschtunge ausginn a sech och bei internationale Friddensmissioune bedeelegen.

Gëtt Lëtzebuerg ze vill Suen aus?

Och um Niveau vun de Gemenge géife vill Suen investéiert ginn. "Wann een alles dat géif zesummerechnen [...] da wiere mir wahrscheinlech d'Nummer 1 an der Welt." D'Fro stellt sech fir de Fernand Kartheiser: "Ass dat onbedéngt néideg, ass et besonnesch néideg, wann een e groussen Defizit huet?"

Gëtt Lëtzebuerg ze vill Sue fir d'Kooperatiounshëllef aus? Op där Fro si sech de Fernand Kartheiser (ADR, op der Foto lénks) an de Claude Wiseler (CSV, op der Foto riets) net eens

Eng aner Positioun huet den CSV-Deputéierten Claude Wiseler vertratt: et wier net onwichteg ze soen, datt Lëtzebuerg wäit iwwer ee Prozent vum RNB an d'Entwécklungshëllef investéiert. "Ech sinn der Meenung, mir solle sou héich sinn."

Konkret Ziler fir d'Entwécklungshëllef

Fir d'Effikassitéit vun der Lëtzebuerger Hëllef ze garantéieren huet Lëtzebuerg sech op déi sougenannten Zillänner konzentréiert. D'Zuel u Länner ass vun zéng op siwen erofgaangen. Virun allem viséiert ginn d'Länner aus der Sahelzon, wéi de Niger, Mali, Burkina Faso, Senegal.

De Cap Vert zielt net zu den am mannsten wirtschaftlech entwéckelte Länner, mee d'Insel bleift eng Prioritéit mat den Theme Waasser an Educatioun. Prioritär Beräicher vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik si wéi bis elo d'Educatioun, déi berufflech Ausbildung, d'Santé, d'Agrikultur oder d'Waasser. Eng weider Prioritéit ass iwwerdeems den Zougang zur Justiz.

Justiz fir jiddwereen

An der Agenda 2030 fir eng nohalteg Entwécklung vun de vereente Natiounen ass et d'Zil eng Justiz fir jiddwereen ze erreechen, eng Task Force mat iwwer 25 Länner an Organisatiounen setze sech dofir an.

D'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert erënnert drun, "datt et net duergeet fir Rechter ze schafen oder ze proklaméieren, mee datt ee sech vu senge Rechter nëmmen eppes kafe kann, wann een och d'Méiglechkeet huet dës op en liicht accessibel Aart a Weis an op eng sécher Aart a Weis anzekloen." D'Task Force géif schätzen, datt am Februar 2019 weltwäit ronn zwou Milliarde Leit keng Méiglechkeet hu sech vertrauensvoll un e Justizwiesen ze wenden.

International Betriber an d'Boot huelen

D'Koherenz vun de Politiken ass a Punkto Kooperatioun ee wesentlecht Element. Duerch een Aktiounsplang wëllt Lëtzebuerg och d'Betriber dozou féieren hir sozial Responsabilitéit ze iwwerhuelen. D'Stéphanie Empain vun déi gréng gëtt ze bedenken, datt et schwéier ka sinn déi grouss Multinationallen direkt an d'Boot ze kréien. "Wa mir éierlech sinn, dat wäert esou laang net de Fall sinn, wéi et keng international Reegele gëtt, un déi si sech wierklech mussen halen."

Fir d'Stéphanie Empain (déi gréng) braucht et international Reegelen un déi sech Konzerner hale mussen

Dat géif awer net heeschen, datt ee guer keen Afloss hätt: "Mir kënnen och elo schonn dofir suergen, datt Betriber, déi hei niddergelooss sinn, op d'mannst mol den Exercice maache mussen, fir Mesuren am Sënn vun hirer sozialer Responsabilitéit opzeleeën", esou déi gréng Deputéiert.

Nieft der sozialer Responsabilitéit vun de Betriber geet et och ëm den Ëmweltschutz an ëm dee ganzen Produktiounsprozess, vun der Matière première bis zum fäerdege Produit.