Am Ganze kritt den Horeca-Secteur also elo eng Millioun där Auto-Tester vum Staat zur Verfügung gestallt: Dat wier och esou vun der Horesca verlaangt ginn, esou haut d'Äntwert vun der Federatioun.
Den Akafs-Präis pro Stéck variéiert jee no Test a Produzent tëschent 1,3 Euro an 1,8 Euro, esou de Gesondheetsministère.
Virun der Ré-Ouverture vun der Banne-Gastronomie de 16. Mee war matgedeelt ginn, datt de Secteur éischt 500.000 Tester vum Staat kritt hat, déi fir dräi Wochen hätte sollen duer goen.
Eenzel Betriber hu musse selwer Auto-Tester nokafen
D'Horesca geet dovun aus, datt d'Quantitéit un Tester pro Betrib fir an der Moyenne manner wéi 10 Deeg laang duer gaange wier.
Et géifen awer och Caféen a Restaurante ginn, déi mat hirer Quantitéit nëmmen e bis zwee Deeg laang auskéimen: De Besoin um Terrain wier ganz volatil.
D'Federatioun seet och, datt et Betriber ginn, déi selwer Auto-Tester hätte misste kafen, a se de Clienten dann a Rechnung stellen, dat well déi hinnen zougedeelte Quantitéit net duer gaange wier.
Zu wéi engem Präis d'Caféen an d'Restauranten hir Tester akafe, wéist d'Horesca net. D'Käschten dofir kéinten d'Betriber dem Client awer eent zu eent verrechnen.
Virgëschter hat d'Horesca gefuerdert, datt den obligatoresche Gebrauch vu Schnelltester nom 12. Juni net soll verlängert ginn: eng Fuerderung no enger Entrevue mam Mëttelstands- a mam Wirtschaftsminister.