Mobille Reseau 5G: D'Stralebelaaschtung geet net an d'Luucht
De 5G, déi nei Technologie vun der mobiller Telekommunikatioun, ass net onëmstridden - aus gesondheetleche Grënn. Et gi Stëmmen, déi wéinst den elektromagnéitesche Stralen, Bedenken hunn. Fir den Opbau vum 5G-Reseau wäerten nei Antennen opgehaange ginn, ouni datt aler erofgeholl ginn, erkläert de Claude Strasser, de Generaldirekter vun der Post.
An engem zweete Schrëtt ginn déi Antennen duerch neier ersat "déi méi Technologie supportéieren". Déi cumuléiert Emissiounswäerter géifen dem Claude Strasser no awer net an d'Luucht goen.
D'Frequenze fir de 5G-Reseau goufe viru kuerzem ënner den dräi Operateuren hei am Land verdeelt, domat ass déi wichtegst Viraussetzung erfëllt fir mam Opbau vum neie Reseau zu Lëtzebuerg ufänken ze kënnen. Et wier néideg dësen neie Reseau elo opzebauen, sou de Claude Strasser, well den aktuelle 4G-Reseau, interne Berechnunge vun der Post no, spéitstens 2023 u seng Grenze géif stoussen. D'Vitess an där den Datekonsum déi lescht 15 Joer géif wuessen, géif weider an d'Luucht goen, sou de Post-Generaldirekter.
Weder de mobille Reseau, nach d'Glasfasernetz vun der Post wieren an der Zäit vum Confinement un d'Grenze vun hire Capacitéite gestouss.
Trotz Kris: Virraussiichtlech kee schlecht Resultat bei der Post
Seng Entreprise hätt awer net finanziell vum deem allgemeng méi héijen Daten-Trafic an deene Woche profitéiert, well déi meescht Cliente Forfaite bezuelen, déi onofhängeg dovu sinn wéi vill Date-Volume si benotzen. Wärend d'Verdeelung vu Päck (eng Aktivitéit mat niddrege Margen) am Confinement explodéiert ass, hätt d'Bréifpost staark Aboussen erlieft. Bis zu 50 Prozent manner Bréiwer wären ee Moment verschéckt ginn, Reklamme gouf et guer keng ze verdeelen. Trotzdeem mécht de Claude Strasser sech keng gréisser Suergen, wat de Bilan 2020 vun der Post ubelaangt. Aner Betriber hätte sécher méi ënner der Kris gelidden, wéi d'Post.