Radioen

On air

Webinar  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 5G-Frequenze gi versteet

Telekommunikatioun

5G-Frequenze gi versteet

Dës Woch geet d'Stee fir 5G-Frequenze lass, déi vum ILR, dem Institut luxembourgeois de régulation, organiséiert gëtt. Et ass eng Première zu Lëtzebuerg. Wat bedeit déi Stee fir de Marché zu Lëtzebuerg?

auto_stories

4 min

Nieft deenen dräi Operateuren, déi elo schonn en eegene Reseau bedreiwen - d'Post, Orange a Proximus, bei de Leit ënner dem Numm Tango bekannt - wëllen och Eltrona a Luxembourg Online 5G-Frequenzen. Si hu bis elo keen eegent GSM-Netz, bidden de Clienten awer Abonnementer op engem vun den dräi aner Netzer un. Si gi bei dëser Stee also a Konkurrenz mat hirem eegene Fournisseur.

Wat si domat Wëlles hunn, wollte se am Virfeld vun der Stee net soen oder hunn net op Froe reagéiert. Dat huet warscheinlech mam Oflaf vun der Stee ze dinn, fir déi all Operateur fir säi Geschäftsprojet eng Taktik parat huet.

Dräi Frequenzbänner

D'5G-Netz besteet herno aus dräi Frequenzbänner, déi een allen dräi brauch, wann een en nationale Reseau wëllt ubidden. De Luc Tapella, Direkter vum ILR erkläert, datt een d'700 Megahertz-Band braucht fir ze garantéieren, datt den Handy "uechter d'ganzt Land geet". Am méi héije Frequenzberäich ass et d'Band vun 3,6 Gigahertz, dat gebraucht gëtt fir op Plazen, wou méi Leit sech ophalen oder méi Datevolume gebraucht gëtt.

An do driwwer ass et d'Band vu 26 Gigahertz. De Luc Tapella erkläert, datt dat op enger Plaz néideg wier, wou "extrem vill Leit" beienee sinn a gläichzäiteg den Handy géife gebrauchen. Als Beispill nennt hien e Fussballstadion oder d'Fouer.

E puer Interessenten

D'Frequenzen, déi elo an d'Stee kommen, sinn déi aus dem 700er Mega- an dem 3,6 Gigahertzberäich, déi gebraucht gi fir d'Couverture iwwer Stad a Land. D'Bandbreet géif duergoe fir dräi national Reseaue seet de Luc Tapella, mee et gi méi Interessenten.

De Claude Strasser, Direkter vun der Post, deen als eenzege fir en Interview disponibel war, seet awer, datt et fir d'Post keng Optioun wier fir keng Frequenzen ze kréien. Schonn eleng well d'Dateconsommatioun vun de Clienten all Joers am décken zweestellege Beräich géif weisen, datt de 4G-Reseau u seng Limitte géif kommen, esou de Post-Direkter, och wann de 4G komplett ausgebaut wier.

"Dat heescht, fir da mol de Reseau iwwerhaapt kënne weiderzebedreiwen, brauche mer de 5G. Do ginn elo d'Meenungen auserneen, kënnt dat 2022, 2023 oder 2024, mee et ass net eréischt 2030 wou mer souwisou en neie Standard brauchen."

D'Frequenze kéinte méi bëlleg ginn

Well d'Operateuren hir Redevancen, déi se bis ewell bezuelt hunn, duerch eng mam Ausland vergläichsweis kleng Clientszuel hu misse rentabiliséieren, géife se duerch d'Stee net onbedéngt méi deier ginn. Et kéint awer och dozou féieren, datt d'Frequenzen duerch déi Stee méi bëlleg kéinte ginn. "Dat ass net onméiglech, mee dat wësse mer net, bis d'Stee eriwwer ass", esou de Claude Strasser.

Den ILR huet néng Méint mat Hëllef vun engem externe Consultant um Konzept an um Computerprogramm fir d'Stee geschafft. Dat wier am Verglach mam Ausland schnell seet de Luc Tapella. Hie rechent domat, datt d'Stee bis Ënn des Mounts ofgeschloss ass.

Keng auslännesch Interessenten

An Däitschland hätte sech d'Operateure fir d'10-Megahertzband sechs Woche gestridden, seet de Claude Strasser. D'Resultat: herno hunn d'Frequenzen annerhallef Milliard kascht. Dofir ass de Claude Strasser frou, datt aner auslännesch Firmen, déi am Ufank Interessi ugemellt haten, sech herno net fir d'Stee ugemellt hunn.

Fir hien ass et d'Erneierung vum gesamte Reseau, déi herno an d'Geld schléit. Dat wier néideg, fir all d'Utilitéite vum 5G ze exploréieren. Hie schwätzt vun engem dräistellege Milliounebetrag, déi iwwer eng Period vu véier bis aacht Joer investéiert ginn.

Nach keng Recommandatioun vun der EU

Mat wéi engem Fournisseur dat geschitt, kann de Claude Strasser elo nach net soen. Am Ausland goufen et grouss Kontroversen ëm de chinesesche Betrib Huawei.

De Luc Tapella seet hei am Land wier kee Fournisseur verbuede ginn, mee d'Operateure misste kucken, datt se mat Hiersteller schaffen, déi fiabel sinn a Qualitéit offréieren, well nach op eng Recommandatioun vun der EU gewaart gëtt.

De Claude Strasser seet, déi Sécherheetsfroe wiere fir en Operateur oder e Land schwéier anzeschätzen. Hie bedauert dofir, datt d'Europäesch Kommissioun nach keng Positioun bezunn huet.