Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 5G nach dëse Summer zu Lëtzebuerg

Mobilfunk

5G nach dëse Summer zu Lëtzebuerg

De 5G Mobilfunk-Standard soll am Summer och op Lëtzebuerg kommen. Dat ass op alle Fall den zäitleche Plang, seet de Generaldirekter vun der Post. Den ILR huet allerdéngs d'Frequenzen nach net verginn. Nieft den dräi Haapt-Operateuren zu Lëtzebuerg hunn och nach sechs aner Kandidaten Interessi gewisen. D'Post wier doduerch e bëssen iwwerrascht ginn, sou de Claude Strasser.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

play_arrow
De Claude Strasser ass Generaldirekter vun der Post

Et misst een elo drop waarden, datt ee Frequenze géif attribuéiert kréien. Eréischt dono kéint ee mam techneschen Deploiement ufänken. Mee och do riskéiert een Zäit ze verléieren, well nach net kloer wier, wou nei Antenne mussen opgehaange ginn, an no wéi enge Krittären d'Geneemegunge wäerten ausgestallt ginn. De Claude Strasser geet dovun aus, datt nach "eng Rëtsch Méint" wäerte vergoe bis de 5G um Terrain wierklech operationell ass. Dofir wier et elo wichteg, datt den ILR, sou séier wéi méiglech iwwer d'Vergi vun de Frequenzen tranchéiert. "Ech huele schonn un, datt dat imminent ass", sou de Post-Generaldirekter.

D'Post hätt nach keng Decisioun geholl, ob wéi eng Technologie se beim 5G wäert setzen. Speziell aus den USA gëtt jo Drock gemaach, fir net op d'Technologie vun de Chinese vun Huawei zeréckzegräifen.

Join: An Zukunft éischter positiv Retouren

D'Decisioun bei Join fir d'éischt eranzeklammen an de 4. Operateur dono ganz ze iwwerhuelen, hätt d'Post 30 Milliounen Euro kascht, sou de Claude Strasser. Et kéint also keng rieds vun den 120 Milliounen Euro Perte sinn, déi ëmmer erëm an der Diskussioun avancéiert ginn. Déi 30 Millioune géif hien iwwregens och net als puer Perte ugesinn, mee als en Invest.

"Dir braucht Iech op keng schlecht oder negativ Surprise méi fir d'Zukunft gefaasst ze halen, dat ass alles scho laang absorbéiert. An der Zukunft ginn ech éischter vu positive Retouren aus, déi mir haut scho spieren."

Nei-Affektatioun vum Postgebai: "E Projet an der Pipeline"

D'Postgebai um Aldringe soll am Besëtz vun de Post bleiwen, d'Affektatioun soll awer änneren. Et géif ee probéiere fir "deem Gebai eng würdeg Affektatioun" ze fannen. Et misst ee sech bewosst sinn, datt d'Gebai klasséiert ass an doraus och eng Rëtsch Contrainten entstinn. Et wier awer e Projet "an der Pipeline", hie kéint awer nach keng Detailer ginn, sou de Claude Strasser.

Féiert déi nei Tatsaach, datt d'Staatsbeamte sech hir Gehälter an Zukunft net méi obligatoresch op e Postscheck-Kont mussen iwwerweise loossen, zu enger Reflexioun iwwer d'Zukunft vun de Finanz-Zerwisser vun der Post? De Generaldirekter vum Post-Grupp Claude Strasser beäntwert déi Fro weder mat engem klore Jo nach engem däitlechen Nee. Hien huet drop higewisen, datt et schonn Iwwerleeungen zu deem Theema gouf, déi jo och zu enger Zesummenaarbecht mat der Raiffeisebank geféiert hunn. Et wier een awer tatsächlech an enger "ganz schwiereger Situatioun, wat de CCP ubelaangt.