Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 60 Joer Réimesch Verträg

Gebuertsstonn vun der EU

60 Joer Réimesch Verträg

An der italienescher Haaptstad hu muer viru genee 60 Joer sechs europäesch Staaten, d'Belsch, Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Holland an Italien déi Réimesch Verträg ënnerschriwwen. Dës zielen och haut nach zu engem vun de wichtegste Schrëtt a Richtung Europäesch Gemeinschaft.

auto_stories

4 min

De Premier Joseph Bech (lénks) an den Ambassadeur Lambert Schaus (riets) ënnerschreiwen d'Réimesch Traitéen (© Europäescht Parlament)

Mat sechs Ënnerschrëfte vu sechs europäesche Länner gëllen déi réimesch Verträg als Gebuertsstonn vun der spéiderer Europäescher Unioun. Déi Réimesch Verträg hunn zwou verschidden Organisatioune gegrënnt: D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft "EWG" an déi Europäesch Atomgemeinschaft "Euratom". Eng europäesch Verdeedegungspolitik vun dëse sechs Staaten ass 1954 gescheitert, well Frankräich dësen Traité refuséiert hat.

Nom Zweete Weltkrich wollte sech d'Staaten zesummendoen. Dat, well Europa ënnert dem Drock vu Russland an den USA stoung a riskéiert huet, an zweegedeelt ze ginn, seet den Historiker René Leboutte vun der Uni Lëtzebuerg. D'Europäer hätte verstane gehat, datt een entweder wiele misst oder ee verschwanne géif.

Erënnerunge vum Lëtzebuerger Protokollchef

De Joseph Kasel war de 25. Mäerz 1957 beim Ënnerschreiwe vun de Réimesche Verträg de Lëtzebuerger Protokollchef. An engem RTL-Interview huet de Lëtzebuerger virun 30 Joer erzielt, wéi hien dësen historeschen Dag fir Europa deemools materlieft huet.

"Op der grousser Trap déi eropféiert op de Kapitol, déi Plaz, wou deemools nach d'Monument vum Marcus Aurelius op sengem vergëllente Päerd stoung, sinn d'Delegatiounen an d'Gäscht no an no ukomm an hu sech op den éischte Stack vum Musée des Conservateurs beginn, wou am grousse Sall vun den Horatii a Curiatii d'Zeremonie vun der Ënnerzeechnung viru sech goe sollt."

De Grondstee vun eppes Gréisserem

Wéi déi sechs Staate viru 60 Joer am "Palazzo dei Conservatori" d'Traitée vu Roum ënnerschriwwen hunn, huet et an Italien de ganzen Dag gereent. Fir Lëtzebuerg waren den deemolege Staats- an Ausseminister Joseph Bech an den Ambassadeur zu Bréissel Lambertus Schaus dobäi. Och deemools scho war de Responsabele bewosst, datt si géingen de Grondstee vun eppes Gréisserem leeën, erkläert den Historiker René Leboutte. Den Traîté vun der europäescher ekonomescher Communautéit wier d'Fundament vun Europa.

Duerch eng Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft sollt eng komplett Wirtschaftsintegratioun erreecht ginn. Doraus ass 1993 d'Europäesch Unioun entstanen. Ee vun den europäesche Vertrieder zu Roum, den italieneschen Ausseminister Gaetano Martino, huet viru 60 Joer bei der Zeremonie vun enger "neier Ära an der Geschicht vun den europäesche Staate" geschwat.

A senger Ried sot hien, datt d'Texter vun den zwee Traitéen eng fräi politesch Unitéit vun Europa géifen erméiglechen. Et géif drëms goen eng Vereenegung an eng Harmonie vun de Leit an "dësem alen Europa" ze schafen, dat et endlech fäerdeg bruecht hätt d'Ënnerscheeder vun der Vergaangenheet hannert sech ze loossen.

Vill Pannen um 25. Mäerz 1957

Obwuel et fir déi sechs Länner an hir Zukunft e wichtege Moment war, erënnert sech de Responsabele fir de Protokoll, Jean-Jacques Kasel am RTL-Interview, datt de 25. Mäerz 1957 villes schif gaange war. D'Imprimerie nationale zu Paräis hätt him no den Optrag kritt gehat, fir d'Texter vun de Verträg ze drécken, mä aus Grënn, déi net virauszegesi waren, hätt de Liwwertermin net kënnen agehale ginn.

"Dat war eng richteg Katastroph, well den Datum vun der Signatur war op de 25. Mäerz festgeluecht an dee konnt net méi verréckelt ginn. Et ass näischt anescht méi iwwreg bliwwen, wéi ze maachen, wéi wann." Eng kleng Dréckerei zu Roum wier bereet gewiescht, fir d'Titelsäiten an d'Säite fir d'Ënnerschrëften ze drécken. Dono wieren d'Dossiere mat wäisse Blieder gemaach ginn, déi da spéider duerch déi gedréckten Texter ersat goufen, soubal déi geliwwert gi waren.

Mat de Réimesche Verträg hu sech déi sechs europäesch Memberstaate fir d'éischt op eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht konzentréiert, esou den Historiker Rebé Leboutte vun der Uni Lëtzebuerg. Aus ekonomescher Siicht wier et wichteg gewiescht, ee eenzege Marché mat fräiem Handel, wéi mir en haut kënnen, ze kreéieren a keng Taxe méi mussen ze bezuelen. Donieft hu si mam Europäesche Sozialfong an der Europäescher Investitiounsbank zwee Finanzéierungsinstrumenter gegrënnt, déi och haut nach géife funktionéieren.

Zukunft vun der EU

60 Joer nom Ënnerschreiwe vun de Réimesche Verträg steet Europa viru groussen Erausfuerderungen, esou den Historiker René Leboutte. Italien, wou de 60. Anniversaire vun de Réimesche Verträg gefeiert gëtt, wier staark verschëlt. Verschidden EU-Memberstaate géife mat enger héijer Aarbechtslosegkeet kämpfen an d'Flüchtlingskris géif d'Staate belaaschten, esou de René Leboutte. De politesche Wëllen, wéi en zu Zäite vun de Réimesche Verträg war, géif haut feelen.

Fir de 60. Anniversaire vun de Réimesche Verträg hätte sech d’Grënnerstaate wuel och en anere Cadeau gewënscht, wéi deen, datt Groussbritannien wëll d'EU verloossen. Deemno ass et och kee Wonner, datt d'Feierlechkeeten zu Roum am Schied vun den annoncéierte Brexit-Verhandlunge stinn. Déi 27 Staats- a Regierungscheffe vun de Länner, déi an der EU bleiwe wëllen, diskutéieren den Ament intensiv iwwer d'Zukunft vun der EU. Och 60 Joer no de Réimesche Verträg ass d'Geschicht vun der Europäescher Unioun domat nach laang net fäerdeg geschriwwen.