Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 700 Privatleit hu sech gemellt fir Flüchtlingen opzehuelen

Ukrain-Krich

700 Privatleit hu sech gemellt fir Flüchtlingen opzehuelen

Eng 700 Leit hu sech hei am Land scho gemellt fir Flüchtlingen aus der Ukrain bei sech doheem opzehuelen, seet d'Nadine Conrardy vun der Croix-Rouge am 100,7-Interview. Leit, déi sech gemellt hunn, géifen elo no an no kontaktéiert ginn an duerno da Famille vermëttelt kréien, déi se kënnen ophuelen.

auto_stories

2 min

D'Nadine Conrardy schafft fir d'Croix-Rouge

Bis datt Famille vermëttelt gi kéint e bëssen daueren, esou d'Nadine Conrardy. Si réit den Interesséierten awer Gedold ze hunn, an net op eege Fauscht Flüchtlinge bei sech opzehuelen.

Et misst een sech bewosst sinn, datt déi Leit aus engem Krichsgebitt op Lëtzebuerg kommen. Et wier dofir wichteg, datt si och sozial a psychologesch encadréiert ginn.

"Do si sécher och Leit dobäi, déi traumatesch Erfarungen hunn. Déi allermeescht Famille sinn net komplett, dacks ass de Papp dohanne bliwwen. Dat heescht do sinn awer Situatiounen, déi méi schwiereg sinn, wéi een dat am Alldag gewinnt ass."

D'Nadine Conrardy mécht drop opmierksam, datt Leit aus der Ukrain aus enger anerer Kultur kommen, "och wa se eiser ganz änlech ass". D'Erwaardunge wieren deemno op den zwou Säite "vläicht net onbedéngt déi selwecht". Et wier wichteg, sech dat virun Aen ze halen.

Wa Leit, déi Flüchtlinge bei sech opgeholl hu mierken, datt et awer net esou einfach ass, wéi se sech dat am Ufank virgestallt hunn, kënne se sech bei der Croix-Rouge mellen, seet d'Nadine Conrardy.

De Konflikt an der Ukrain ass méi no u Lëtzebuerg

Am Kader vum Krich an der Ukrain stelle méi Privatleit eng Kummer zur Verfügung, wéi dat an der Flüchtlingskris vun 2015 de Fall war. D'Nadine Conrardy erkläert sech dat doduerch, datt dee Konflikt méi no u Lëtzebuerg wier.

"D'Leit gesinn et an de Medien, se kenne vläicht déi Plazen, wou d'Leit hierkommen, oder op d'mannst déi Länner, wou d'Leit doduerch ginn." Doduerch wieren d'Leit vläicht méi betraff, mengt d'Nadine Conrardy vun der Croix-Rouge.

Wien nach eidel Kummeren zur Verfügung huet a Flüchtlinge wëllt ophuelen, ka sech och weider bei der Croix-Rouge mellen.