Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "A 15-20 Joer" soll Drénkwaasser aus der Musel kommen

Drénkwaasserversuergung

"A 15-20 Joer" soll Drénkwaasser aus der Musel kommen

A 15 bis 20 Joer soll en Deel vun eisem Drénkwaasser aus der Musel kommen, seet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. Well d'Populatioun an och d'Temperature weider klammen, géif nieft dem Stauséi eng weider gréisser Drénkwaasserquell gebraucht ginn, esou de Jean-Paul Lickes. Op der Musel geif dofir am Moment no konkrete Léisunge gesicht ginn. D'Waasser ze filtere wier mat modernen Technike kee grousse Problem méi.

auto_stories

1 min

Den Haaptproblem kéint d'Temperatur vum Muselwaasser an de Summerméint sinn. Et géif een am Moment verschidden Optiounen ënnersichen, zum Beispill en Ënnergrondpassage "wou ee géif soen, mir probéiere fir d'éischt d'Waasser duerch den Ënnergrond ze leeden, fir datt et sech do kann ofkillen - fir datt et méi frësch ass, éier mer et am Reseau distribuéieren", esou de Jean-Paul Lickes.

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt gëtt fir dëse Summer iwwerdeems Entwarnung bei der Drénkwaasserversuergung. Et misst warscheinlech net mat Engpäss gerechent ginn, esou de Jean-Paul Lickes - och wann dëst Joer eventuell méi Leit hir Vakanz hei am Land verbréngen. D'Temperature wieren nämlech am Moment méi niddreg, wéi déi lescht zwee Joer.

"Mir hate par Rapport zu 2018 an 2019, wou mer ëm dës Zäit éischter Temperature vu 34-35 Grad haten, elo an de leschten Deeg éischter Temperaturen am Maximalberäich tëschent 23 a 25 Grad. Déi 8-10 Grad manner, déi hunn e ganz wesentlechen Impakt op de Verbrauch am gesamten Drénkwaasserreseau."

Ausserdeem géif och d'Industrie wéinst der Kris nach ëmmer manner Waasser verbrauche wéi gewinnt, esou de Jean-Paul Lickes.