Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wa kee Gas méi kënnt?

Chronik

A wa kee Gas méi kënnt?

Vun haut u gëtt un der russescher Gaspipeline Nord Stream 1 geschafft, an Däitschland ass een dowéinst besuergt, datt duerno nach manner Gas geliwwert gëtt. Dat hätt drastesch Konsequenze fir d'Wirtschaft an d'Verbraucher. D'Bundesregierung muss elo alles ënnerhuelen, fir datt aus enger Energiekris keng Sozialkris gëtt, mengt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt

Et ass eigentlech eng ganz normal Routine: wéi all Joer gi gewëss Entretiensaarbechten un der Ostsee-Pipeline Nord Stream 1 virgeholl. Mee mat normaler Routine huet dës Mesure dës Kéier absolut näischt ze dinn.

Zéng bis 14 Deeg sollen d'Aarbechten daueren, wärend deenen d'Pipeline ofgeschalt gëtt. Elo schonn ass awer d'Befierchtung an Däitschland grouss, datt dono nach manner oder guer kee Gas méi fléisst.

Schonn elo komme just 40 Prozent vum übleche Volume un.

Gedrosselt Liwwerungen: eng falsch Excuse?

Am Juni hat de russeschen Energiekonzern Gasprom d'Liwwerunge staark gedrosselt mat der offizieller Begrënnung, datt ënner anerem eng wichteg Turbinn a Kanada reparéiert gëtt a wéinst de Sanktiounen net zeréck geliwwert gëtt.

Den däitschen Energieminister Robert Habeck hält dat fir eng falsch Excuse, a Wierklechkeet géif Russland d'Pipeline als wirtschaftlecht Drockmëttel asetzen.

Hoffnung huet d'Bundesregierung, well aus Kanada elo d'Noriicht koum, datt déi ugeschwaten Turbinn elo iwwer den Ëmwee Däitschland u Russland soll geliwwert ginn.

Russland hat e Freideg annoncéiert, datt wann d'Turbinn nees do wier, een och nees méi Gas kéint liwweren.

Zwou Wochen Ongewëssheet

Wéi glafwierdeg dat awer ass: do huet de Robert Habeck Zweiwel. Am Gespréich mam "Deutschlandfunk" sot hie gëschter, Russland wéilt natierlech och net um Gas sëtze bléiwen, also kéint et sinn, datt nees méi kënnt, mee et wier och méiglech, datt guer näischt méi kënnt.

Et misst ee sech elo op dat Schlëmmst virbereeden a fir dat Bescht schaffen. Zwou Wochen Ongewëssheet waarden deemno op Däitschland an Europa, an deenen ee weiderhin alles probéiere wäert, fir sech op e Gasstop vu russescher Säit ze preparéieren.

Well dëse kann all Zäit kommen an nach ass d'Energiesécherheet mat Bléck op den Hierscht a Wanter net an dréchenen Dicher. D'Reserven an de Gasspäicher wäerten net duergoen, dofir hëlt d'Bundesregierung aner Mesuren an d'A.

Déi lescht Woch huet de Bundestag zum Beispill e Gesetz gestëmmt, dat et erlaabt nees Kuelekraaftwierker un d'Netz ze huelen. "Klimapolitisch wirklich erbärmlich", faasst de Robert Habeck dëse Schratt zesummen, mee leider och noutwenneg.

Op de Verbraucher waarde wuel gepeffert Rechnungen

Och ass de Staat bereet, Energiekonzerner - notamment dem finnesche Betrib Uniper - finanziell ënner d'Ärem ze gräife fir datt d'Gasversuergung net a Gefor geréit. Well wéi de Robert Habeck gëschter am Deutschlandfunk kloergestallt huet: datt de Staat am Noutfall iwwer de Gasverbrauch misst bestëmmen, wier een absolutte politeschen Albdram-Zenario.

Mee et muss mol guer net souwäit kommen, fir datt d'Repercussiounen trotzdeem däitlech ze spiere sinn. Verbraucher musse sech wuel an Zukunft op säfteg Rechnungen astellen.

Ouni weider politesch Mesurë géif dat riskéieren déi sozial Spaltung nach ze verstäerken, warnt den Habeck a gesäit déi gesellschaftlech Solidaritéit a Gefor.

De Regierungspartner FDP weist sech hei awer nach ofwaardend, huet ee weideren Entlaaschtungspak fir dëst Joer souguer ausgeschloss.

Bei souvill Ongewëssheet, kléngt esou ee kategoreschen Nee all ze dogmatesch. Ëmmerhi proposéiert d'Verbraucherschutzministesch Steffi Lemke e Moratoire fir Stroum- a Gasspären, wann Privatpersounen eng Rechnung net bezuele kéinten.

Souwäit ass et natierlech nach net, mee et muss een op all Fall virbereet sinn. An den nächsten zwou Wochen an och dono.