Den Interview mam Lëtzebuerger Ausseminister
Eng Famill mat dräi Kanner an dräi weider Männer wieren hënt, mat Hëllef vun der Belsch an Holland, op de Fluchhafe komm. Scho gëschter Owend hat d'Regierung gemellt, datt eng Persoun mat Relatiounen zu Lëtzebuerg an de Fluchhafen zu Kabul era komm wier. Enger weiderer Persoun ass elo de Moien nach den Accès zum Fluchhafe gelongen.
Wäit iwwer 200 Afghanen hätte mëttlerweil eng Ufro gemaach fir zu Lëtzebuerg opgeholl ze ginn oder fir een humanitäre Visa ze kréien, huet den Ausseminister nach präziséiert. Dorënner wieren ënner anerem e Riichter a Mataarbechter vun ONGen. De Regierungsrot misst muer beroden, wéi een domadder ëmgeet, esou de Jean Asselborn.
Am Communiqué vun de Moie seet den Ausseminister Jean Asselborn senger belscher Homologin Sophie Wilmès Merci fir d'Ënnerstëtzung.
Am Schreiwes gëtt och confirméiert, datt ee Mataarbechter aus der Arméi, grad ewéi ee Mataarbechter aus dem Ausseministère, op Kabul wäert geschéckt gi fir do de Partnerlänner op der Plaz ze hëllefe weider Leit ze evakuéieren.
Un membre de l'armée luxembourgeoise ainsi qu'un membre du ministère des Affaires étrangères et européennes vont se rendre à l'aéroport de Kaboul
- Lëtzebuerger Arméi (@ArmyLuxembourg) August 24, 2021
afin de renforcer la participation luxembourgeoise dans la coordination sur place. Communiqué de presse : https://t.co/6KrIpzpZm3 pic.twitter.com/RlzjkvUdmf