Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - See-Through

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtsverbuet fir Fraen: Wéi ass d'Situatioun am Afghanistan?

Caritas Lëtzebuerg

Aarbechtsverbuet fir Fraen: Wéi ass d'Situatioun am Afghanistan?

Am Afghanistan gëtt déi humanitär Aarbecht vun Net-Regierungsorganisatiounen duerch een Aarbechtsverbuet fir Fraen erschwéiert. D'Vereenten Natiounen hunn d'Decisioun vum Taliban-Regime als Verstouss géint d'Grondrechter verurteelt, an eng Rei international ONGen hunn hir Aarbecht am Afghanistan suspendéiert. D'Caritas Lëtzebuerg versicht, hir Aarbecht ënner erschwéierte Bedéngunge weider ze féieren.

auto_stories

2 min

De Michael Feit vun der Caritas. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Caritas Lëtzebuerg bedreift am Afghanistan siwe Poliklinicke mat 49 Mataarbechter:innen.

Gesondheetssecteur net vu Verbuet betraff

Am Gesondheetssecteur dierfe Frae weider schaffen, nodeem den afghanesche Gesondheetsminister präziséiert huet, datt d'Aarbechtsverbuet fir dëse Beräich net gëllt.

Deementspriechend huet d'Decisioun vum Taliban-Regime keng Konsequenze fir d'Aarbecht vun der Caritas Lëtzebuerg, erkläert de Michael Feit.

D'Caritas Lëtzebuerg hält och un hire Mataarbechterinnen an administrative Funktioune fest, well een hei villes an den Teletravail kéint verleeën. Dëst wier nach weiderhi méiglech an toleréiert, esou de Michael Feit.

Humanitär Hëllef kënnt net bei Fraen un

International Net-Regierungsorganisatioune kritiséieren, datt déi humanitär Hëllef net bei Fraen ukënnt, wa Fraen net méi fir dës Organisatioune kënne schaffen. De Michael Feit schléisst sech där Kritik un, a beschreift se als säin Haaptproblem:

"Dadurch, dass wir keine Frauen in den nicht-medizinischen Projekten haben, haben wir auch keinen Zugang zu den Frauen. Nur Frauen können zu Frauen gehen. Wenn ich keine Frauen beschäftigen kann, kann ich auch keine Frauen versorgen."

D'Caritas Lëtzebuerg huet iwwerdeem den Accès zu enger vun hire Poliklinicke verluer, dat am Fraegefängnis zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan.

Aarbechtskonditioune vun eenzele Persounen ofhängeg

De Michael Feit beschreift d'Konditiounen ënner deenen d'ONG ënner den Taliban ka schaffen als staark op Persoune bezunn:

"Das heisst, wenn der Kommandant der Klinik Freund der Caritas oder des lokalen Direktors vun uns ist, dann sind diese Zugänge möglich und genau so sind die plötzlich nicht mehr möglich. Da gibt es keine offizielle Kommunikation, weder für das eine noch für das andere."

Trotz dëse Schwieregkeete wëll d'Caritas Lëtzebuerg am Afghanistan bleiwen, seet de Michael Feit. Et wéilt een un der Säit vun de Mënschen an de Frae bleiwen, déi fir d'Caritas schaffen, a weider Ënnerstëtzung zoukomme loossen.