Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Acceleréiert Hausse vun de Logementspräisser

Zejoert

Acceleréiert Hausse vun de Logementspräisser

Déi acceleréiert Hausse vun de Logementspräisser wier virop op eng grouss Demande um Locatiounsmarché a vun neie Logementer zeréck ze féieren. Dat seet de Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance/dpa

De Statec an den Observatoire de l'habitat hate matgedeelt, datt d'Logementspräisser zu Lëtzebuerg am véierten Trimester zejoert ëm 16,7 Prozent geklomme sinn.

Net just Spekulatioun

D'Präisser fir bestoend Haiser wieren esou guer ëm bal 20 Prozent geklommen heescht et an der Nott. De Metercarréspräiss fir en Appartement am Kanton Lëtzebuerg géif elo an der Moyenne bei iwwer 10.500 Euro leien, am Zentrum souguer bei 12.000, esou de Julien Licheron.

Dës Acceleratioun an de Präisser wier dem Expert no net just op spekulativ Mouvementer zeréckzeféieren. mee virun allem op eng grouss Demande u Logementer. Lëtzebuerger, awer och Leit, déi nei op Lëtzebuerg kommen.

Deblocage vun Terrainen essentiell

Eng grouss Demande géif et och vu Säite vun de Locatiounsinvestisseuren, dat op engem Marché deen ëmmer méi interessant géif ginn am Verglach mat anere Rendementen, wéi d'Bürosimmobilien.

De Statec gesäit bis 2030 e Besoin vu 6.000 bis 8.000 nei Logementer pro Joer. Den Ament géifen der awer just 4.000 bis 5.000 pro Joer op de Marché kommen. Dem Julien Licheron no misst méi séier a méi gebaut ginn.

Déi liicht Reduktioun vun de steierlechen Avantagë fir Immobilieninvestisseuren, déi d'Regierung rezent decidéiert huet, wäert dann och net zu engem Broch um Investissementsmarché féieren, mengt den Expert vum Observatoire de l'habitat. De Rendement géif weiderhin interessant bleiwen.

Dem Julien Licheron no wier et schlussendlech schwéier virauszesoen, wéi d'Präisser um Logementsmarché wäerten evoluéieren. Entscheedende Faktor do wier den Impakt vun der ekonomescher Kris, déi duerch d'sanitär Kris entsteet, op de Logementsmarché hei am Land an an den Nopeschlänner.