Radioen

On air

Tockcity  |  Lee "Scratch" Perry & Greentea Peng - 100lbs Of Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accisen um Sprit: Decisioun iwwer méiglech Erhéijung Enn dës Joers

Tanktourismus

Accisen um Sprit: Decisioun iwwer méiglech Erhéijung Enn dës Joers

D'Regierung wëllt bis Enn des Joers eng Decisioun huelen, ob d'Accisen um Bensin an um Diesel nach eng Kéier erhéicht ginn, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.

auto_stories

1 min

Viru véier Méint goufen d'Sprit-Accise schonn ëm ee, respektiv zwee Cent gehéicht. Am Dezember wéilt d'Regierung analyséieren, wéi een Impakt dës Mesure hat, esou de François Bausch. Hie seet, wa sech géif erausstellen, datt den Tanktourismus net konnt "ofgebremst" ginn, da misst d'Regierung "nach eng Kéier eng Schëpp noleeën".


De François Bauschplay_arrow


"Dofir ware mir eis eens an der Regierung direkt dogéint ze reagéieren, mat enger éischter Mesure. Dofir zéie mir jo bis Enn des Jores de Bilan. Sollt sech erausstellen, datt mir déi Tendenz net mindestens elo mol ofgebremst kréien, da musse mir mat Sécherheet nach eng Kéier eng Schëpp noleeën. Mee dat ass méi à court terme, fir datt déi Evolutioun eis net derapéiert."
Méi laangfristeg misst dann och nach iwwer aner Steiermesuren nogeduecht gi fir den CO2-Ausstouss ze limitéieren, esou de François Bausch. Dat soll am Kader vun der geplangter Steierreform geschéien. Weider Detailer nennt de grénge Minister am Moment nach net."