Radioen

On air

Notturno  |  Polyrhythmics - Liam Rides A Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord fir faire Wahlkampf ënnerschriwwen

Chamberwahlen 2018

Accord fir faire Wahlkampf ënnerschriwwen

Déi fënneft gréisst Parteien hu gëscht en Accord ënnerschriwwe mat Regele fir d'Campagne vun de Chamberwahlen am Oktober. D'Diskussioune wiere schwiereg gewiescht, mee et wier gutt e Kompromëss fonnt ze hunn, esou d'CSV, d'LSAP, d'DP, déi gréng an d'ADR.

auto_stories

2 min

Déi fënnef gréisst Parteien engagéiere sech op Beleidegungen ze verzichten a keng falsch Informatiounen ze verbreeden. Technike wéi Social Bots an Dark Posts dierfen op de soziale Reseauen net benotzt ginn. Den DP-Generalsekretär Claude Lamberty seet, et wier fir t'éischte Kéier, datt dat an deem Mooss fir eng Campagne zu Lëtzebuerg gereegelt ass.

Et hätt eng enorm Evolutioun an deem Beräich ginn, dofir wier et wichteg, datt et Regele géif ginn. Ech freeë mech op e faire Wahlkampf. An hoffen datt déi Parteien déi net hei Dësch sëtzen, sech un dee Fair Play-Gedanken halen", sou de Claude Lamberty.

Dat gëllt och fir d'asbl Wee2050, déi Kandidaten op den ADR-Lëschte stellt. D'Kandidate vu Wee 2050, déi op ADR-Lëschte mat an d'Wahle ginn, wäerte sech och un dës Regelen halen, verséchert den ADR-Generalsekretär Alex Penning.

Uewergrenz fir Reklammen a Wahlplakater

Keng Partei dierf méi fir 75.000 Euro fir Reklammen ausginn. Bezuelte Reklammen op der Tëlee an op RTL Radio sinn net erlaabt. Och op Bussen net. Dat gëllt awer net fir d'Ministèren. Et wier sënnvoll, ze reglementéieren, wéini eng Regierung sech mat offizielle Campagnë soll zeréckhalen, seet den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet.

Grouss Wahlplakater dierf all Partei der maximal 140 opstellen. Dat sinn der méi wéi bei de Gemengewahlen. Obwuel d'Parteie sech deemools engagéiert haten, d'Asetze vu Plakater ze reduzéieren.

Kritik vu klenge Parteien

Dat ass fir déi Lénk e grousse Kritikpunkt: D'Materialschluecht géif weider goen. D'Pirate schwätze vun engem inkohärenten Accord, déi Konservativ, déi fir t'éischte Kéier an engem Wahlbezierk untrieden, kritiséieren datt si net em hir Meenung gefrot goufen. Mee och déi grouss Parteie verstoppen net, datt d'Regele fir de Wahlkampf kéinte besser sinn.

An Zukunft méi Regelen

Déi Gréng haten ee Weiserot proposéiert, deen arbitréiere soll, sou de grénge President Christian Kmiotek. "Dat war nach ze fréi. Ech denken datt dat op Agenda bleift fir nächst Accorden."

Och extern Beroder iwwer Ethik a soziale Medie wieren eventuell néideg. Mee aus Zäitgrënn hätt een dat fir de Chamberwahlen net méi kenne klären, seet den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten.

Fir hie wier et wichteg gewiescht, dës Aspekter am Virfeld vun den nächste Wahlen ze diskutéieren. D'Chamberwahle sinn de 14. Oktober. Déi offiziell Wahlcampagne fänkt den 10. September un.