Virgesinn ass elo, datt just Agenten aus der Fonction publique mat pedagogesche Kompetenze sech an de véier spezialiséierte Lycéeën (Akerbauschoul, Hotelsschoul, LTPS an LTPES) kënne fir en Direkteschposte mellen.
Domadder soll eng Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul evitéiert ginn, seet de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
D'CGFP hätt e Litige annoncéiert, deen och net vum Dësch wier, "mee et gesäit een duerch deen Accord, deen hei ënnerschriwwe ginn ass, datt sou munches an déi richteg Richtung geet".
Educatiounsminister wëllt eng méi breet Debatt
Dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) no misst de Sujet méi breet diskutéiert ginn, an net just op d'Fro beschränken, ob Leit aus dem Privatsecteur oder aus dem Recht vum ëffentlechen Déngscht kéint an d'Schoul wiesselen.
Fir de Claude Meisch misst een dofir d'Attraktivitéit vun der Aufgab vun enger Schouldirektioun kucken an et misst een de Schouldirektioune Moyene ginn, datt si hiren Aufgabe gerecht kënne ginn.
Et misst ee weiderhi kucken, wat fir eng Formatioun ee bräicht fir Direkter vun engem Lycée ze ginn, well domadder och administrativ a reglementaresch Aufgaben zesummenhänken.
Zweete Gesetzesprojet gouf adaptéiert
Och den zweeten ëmstriddene Gesetzesprojet 7658, deen de Script, de Centre de gestion informatique an den IFEN betrefft gouf, zwar net zeréckgezunn, dofir awer adaptéiert.
Deemno musse Kandidate fir Posten an deene Servicer déi dräi offiziell Sprooche beherrschen. Fir héich Poste musse se op d'mannst fënnef Joer am ëffentlechen Déngscht geschafft hunn. Hei wäert de Krees och just fir Leit aus dem ëffentlechen Déngscht opgoen.
CGFP fuerdert weiderhin ee Gespréich mam Xavier Bettel
D'CGFP fuerdert elo dat selwecht vum Sportminister Dan Kersch. Am Gesetzesprojet 7708 ass virgesinn datt och Leit, déi net Fonctionnaire sinn, kéinte Sportskommissär oder Direkter vun der Sportsschoul ENEPS ginn. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP erwaart sech vum Dan Kersch, "datt en en änleche Wee geet, wéi mir dat elo hei konnten zustane brénge mam Minister Meisch".
Soulaang sech an deem Dossier näischt géif ännere géif d'CGFP och net op de Litige verzichten, ënnersträicht de Romain Wolff. D'Staatsbeamtegewerkschaft erwaart sech vun der Regierung eng Positioun géint d'Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht, an dat net nëmmen an der Schoul.
D'Conciliatioun bleift deemno bestoen an d'CGFP fuerdert weiderhin e Gespréich mam Premier Xavier Bettel, betount de Romain Wolff.