Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accouchéieren a Corona-Zäiten

Gesondheet

Accouchéieren a Corona-Zäiten

Wéinst dem Coronavirus huet vill geännert: Och an de Maternitéë ginn et wärend der Corona-Pandemie besonnesch Sécherheetsmesuren. Am Agank gëtt en direkten Triage gemaach, a fir Covid-19-Patientinnen, déi accouchéieren, gëtt et eng komplett ofgetrennte Filière. Obwuel et keng national Recommandatioune ginn, ginn et Gemeinsamkeeten tëschent de Spideeler. An der Fro, ob d'Fra beim Accouchement e Mask muss undoen, ginn et awer Ënnerscheeder.

auto_stories

3 min

Wat de Centre Hospitalier op der Areler Strooss an de CHEM vun Esch gemeinsam hunn, ass d'Erlabnis fir d'Presenz vun enger Begleetpersoun am Accouchementssall, natierlech nëmme wa si net Covid-positiv ass. Et gëllen awer Restriktiounen, wat d'Beweegungsfräiheet ugeet. Et wéilt een e Va-et-vient evitéieren, fir de Risiko vu Kontaminatioun niddereg ze halen. Och dowéinst sollt den Openthalt am Spidol esou kuerz wéi méiglech bleiwen.

Wärend der Pandemie ass et mëttlerweil Usus, datt all Persoun, déi an e Spidol erageet e Mask kritt. Dës Reegel gëllt och an der Maternité. Wat awer d'Droe vum Mask beim Accouchement selwer ugeet, ginn d'Meenungen dach auserneen. Am CHL muss d'Patientin an der Salle d'accouchement de Mask uloossen, seet d'Doktesch a Gynekologin Maia Delaine. "Jiddwereen deet en continu e Mask un, och Patientinnen, déi d'Wéien hunn, an och wa si accouchéieren. Dacks soen eis Patientinnen, datt et ongemittlech ass de Mask dee Moment unzehunn, mee et ass och dee Moment, wou et fir eis am Wichtegsten ass, datt si een unhunn, well wa si déif Loft an- an ausootmen, ass et dee Moment - wa si eppes hätten - wou si eis kéinten de Covid duerch d'Géigend blosen a wou dee gréisste Risk vu Kontaminatioun ass", esou d'Doktesch.

Genuch Sauerstoff kréien ass d'Prioritéit

Beim CHEM gëtt et eng aner Approche. Hei geet een net dovun aus, datt d'Patientin e Covid-Träger wier, déi d'Personal ustieche kéint. Den Dokter Jean-Pierre Clees verweist drop, datt schwanger Fraen net an d'Kategorie vun de Risikopersoune gehéieren. De Mask wärend dem Accouchement unzedoe wier zwar eng Recommandatioun, mee et wier un der Patientin fir selwer ze decidéieren. Hie selwer ass dogéint fir dorausser eng Obligatioun ze maachen. "Eng Persoun déi an engem Effort physique ass, soll, wann de Mask stéiert, kënnen normal ootmen an normal Sauerstoff kréien."

D'Associatioun vun de lëtzebuergeschen Hiewanen, d'ALSF, gesäit d'Situatioun nuancéiert. Et wier e Balance-Akt tëschent der Sécherheet vum Personal an dem Wuelbefanne vun der Patientin. D'Hiewane misste sech un d'Dispositiver vun de jeeweilege Spideeler halen. D'Majoritéit vun de Patiente géif dat och verstoen - och wisou d'Precautioun vum Mask geholl misst ginn. An awer ass et en Nodeel, wann ee muss wärend engem kierperlechen Effort duerch e Mask ootmen. Den Dr. Clees vergläicht den Accouchement mat engem Extremsport, et wier en enormen Effort fir duerch d'Wéien ze ootmen, mat engem Mask ëmsou méi.

"Wa mer jogge ginn, jiddweree kennt de Moment,, wou de Mask net méi geet. Et huet een d'Gefill et géif een erstécken, obwuel een net erstéckt. D'Gefill ass e ganz eeklegt. Mir hu genuch eekleg Gefiller bei der Gebuert, et muss net nach en Erstéckungsgefill dobäikommen."

Nach net genuch wëssenschaftlech Erkenntnisser

Wéi grouss ass den eigentleche Risiko vun enger Kontaminatioun, wann d'Patienten an d'Personal Allenzwee op de Coronavirus getest respektiv ge-screent ginn, an d'medezinesch Ekipp all e chirurgesche Mask unhuet? Eng wëssenschaftlech Äntwert fir oder géint d'Droe vum Mask wärend dem Accouchement géif nach net virleien. Dowéinst kéint d'ALSF nach keng kloer Positioun bezeien.

D'Doktesch Maia Delaine géif et begréissen, wann et fir d'Fro vum Mask beim Accouchement national Guidelines géife ginn. Domat kéint een zukünfteg Eltere rassuréieren. Dofir huet d'ALSF eng speziell Covid-Hotline opgemaach, op där d'Eltere sech am Viraus informéiere kéinten. Den Dokter Clees rappelléiert, datt et sech beim Covid-19 wuel ëm eng geféierlech Krankheet handelt, déi een eescht muss huelen, et sollt een awer net "hysteresch" sinn.