"2020 war e schwieregt Joer - engersäits fir d'Unien, déi sech engem neien Defien hu misse stellen, ma och fir d'Studenten", seet den neien ACEL-President Benjamin Kinn. Vill Studenten hätte finanziell Suerge gehat.
D'Studienhëllefen ëm ee Semester verlängert
Do dernieft hätt sech och d'ganzt Joer d'Fro gestallt, op een iwwerhaapt nach iwwer d'Grenz géif kommen, op een och nach a seng Unisstad kéint goen. "D'ACEL huet am Mäerz direkt beim Ausseministère intervenéiert", seet de Benjamin Kinn. Vun do hätt een eng grouss Ënnerstëtzung kritt. Hëllef koum och finanziell - dat iwwer de Fait, datt d'Bourse ëm ee Semester ausgeweit gouf. Elo misst ee kucken, wéi d'Kris mat engem gewëssene Récklaf bei de Studenten ukënnt, a wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt.
Et géif natierlech och eng gewësse Frustratioun bei de Studente ginn, datt de gesellegen Deel vum Studenteliewen aktuell ewech fält, an een nach just Videokonferenze kuckt. Wuel kéint een sech digital treffen, dat wier natierlech net dat selwecht.
70.000 Euro Budget
D'ACEL huet iwwregens e Budget vu 70.000 Euro. Déi Sue géife fir Fonctionnementsfraise gebraucht ginn, mee och zum Beispill fir de Projet "Student fir een Dag", wou Schüler an Unisstied begleet ginn. Déi Sue kommen ënner anerem aus Partenariater mat Entreprisen, déi d'ACEL ënnerstëtzen.