Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACEL fuerdert méi an d'Organisatioun vu Studentefoire agebonnen ze ginn

ACEL

ACEL fuerdert méi an d'Organisatioun vu Studentefoire agebonnen ze ginn

Lëtzebuerger Studente géifen ëmmer rëm op eng Rei Erausfuerderungen treffen, déi hinnen hiren Alldag an de Studium géifen erschwéieren. Fir d'Chamberwalen huet d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten Zierkelen dofir lo hier Revendicatiounen presentéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Big Stock

Lauschterenplay_arrow


D'ACEL-Presidentin Ann Bertemes bedauert, datt d'ACEL an d'Organisatioun vun der Studentefoire, déi zanter der Pandemie vill méi kleng wier, manner agebonne géif ginn.

D'Studentefoire wier ënner anerem op Wonsch vun der ACEL an d'Liewe geruff ginn. Iwwer déi lescht Joren hätte si ëmmer manner Matsproocherecht kritt, erkläert d'Ann Bertemes. Si géifen dacks virun entscheeten Tatsaache gesat gi ouni, datt si hir Meenung dozou konnte ginn. Si betount, datt d'ACEL vill méi aktiv an enger ganzer Organisatioun vun der Studentefoire wéilt involvéiert ginn.

Da solle Lëtzebuerger Studenten och scho wärend dem Studium eng Steiererklärung kënne maachen, fir en Deel vun de Fraisen, déi duerch d'Studien ufalen, zeréck ze kréien.

Stage-Gesetz soll weider evaluéiert an ugepasst ginn

D'Associatioun begréisst awer, datt d'Studentebourse un den Index gebonne gouf, heescht et vum ACEL-Sekretär Gianni di Paoli.

"D'Bourse soll weiderhin de Besoin vun de Studenten a Studentinnen entspriechen, an dofir fuerdere mir eng kommend Regierung op bei konkreeten Demarchen, déi d'Aide financière uginn, eis als Acel weiderhin ze consultéieren, souwéi dat och schonn de vergaangene Jore gemaach ginn ass."

D'Stage Gesetz dat virun dräi Joer a Kraaft getrueden ass, sollt weider evaluéiert an ugepasst ginn. Vill Studente wiere sech hire Rechter net bewosst an d'Patrone géifen dacks keng Stageplazen ubidden, well déi musse bezuelt ginn, argumentéiert de Vize President Charel Donven.

Fir Leit déi mam Master fäerdeg sinn an dofir keng Stage méi maachen dierfen, sollten am Plaz sougenannte Graduate Programs ugebuede ginn, déi bei der Orientéierung an d'Beruffsliewe weider hëllefe kéinten.