Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACEL: Lidderbuch soll nach eng Kéier ugepasst ginn

No Kritik

ACEL: Lidderbuch soll nach eng Kéier ugepasst ginn

Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecercele wëllt säi Lidderbuch eventuell nach eng Kéier upassen. An dem Buch gi Lidder gesammelt, déi an de verschiddene Lëtzebuerger Studentecerële gesonge ginn. D'Publikatioun war rezent awer an d'Kritik geroden, well verschidde Liddertexter rassistesch a fraefeindlech wieren.

auto_stories

1 min

D'ACEL hat doropshin eng Rei Texter aus dem Buch gestrach. An d'ACEL-Presidentin Polina Bashlay deit un, datt deemnächst nach weider Texter kéinte geläscht ginn.

Am Moment wieren Themen a Relatioun mat der Pandemie d'Prioritéit vun der ACEL, mee soubal een déi néideg Capacitéiten hätt géif wéilt een d'Lidderbuch nach eng Kéier iwwerschaffen. Aktuell géif een d'Lidderbicher och net méi verdeelen, sou d'ACEL-Presidentin.

ACEL mat Regierung a Kontakt fir eventuell Kompensatioun fir ofgesote Studentebaler

D'Presidentin vun der ACEL sot och: Wann duerch d'Pandemie an Zukunft nach weider Studentebaler missten ofgesot ginn, da kéint dat fir verschidde Studentecercelen existenz-bedroend ginn. Dofir wéilt een elo den Dialog mat der Regierung siche fir ze kucke wéi déi betraffe Cercele kënnen ënnert d'Äerm gegraff kréien, esou d'Polina Bashlay. Mat enger konkreter Fuerderung géif d'ACEL awer net an déi Gespréicher era goen, esou d'Polina Bashlay.