D'Hallschent vun de Refugiéen, déi aktuell op der Sich no enger Aarbecht sinn, wieren tëschent 30 a 44 Joer al - mat 70 Prozent de Gros vun hinnen Fraen, erkläert de Laurent Peusch vun der ADEM. All Fënneften huet e Premières-Diplom, 70 Prozent souguer en Héichschoulofschloss.
"Wann d'Leit e gewësse Bildungsniveau hunn, hu si et och méi einfach sech vläicht an en Job eranzeknéien, dee vlläicht net dee war, dee si virdru gemaach hunn. Mee souwäit wëssen se: Ok, iwwert dee Job kann ech weiderkommen. An ech verdénge mol Geld hei, ech sinn net zu Laaschte vu Famill, Staat, Kolleegen... An ech mengen, do ass och einfach déi Oppenheet do."
D'Demandë géifen zentral an der Adem-Agence vun Hamm traitéiert ginn, wou fënnef Mataarbechter sech exklusiv ëm d'Dossiere vun de Refugiée këmmeren. Fir dës hätt een eng spezial Dokumentatioun zesummegestallt, déi ënnert anerem um Guichet unique disponibel wier an iwwert Hëllefsorganisatioune verdeelt gouf. Parallel dozou wieren iwwert d'Patronatsorganisatioun UEL och potentiell Employeuren informéiert ginn.
D'Sproochevermëttlung ass déi gréissten Erausfuerderung
Den Echo wier allgemeng ganz positiv, stellt den Adem-Mataarbechter fest. Woubäi de gréisste Probleem, respektiv déi gréissten Erausfuerderung bei der Vermëttlung d'Sproochekenntnisser wieren, déi sech meeschtens op d'Englescht beschränken. Dofir wiere fir vill Refugiée Franséisch-Coursen en éischte Schrëtt zeréck an d'Richtung Beruffsliewen.
E Véierel vun de ronn 70 Refugiéen, déi schonn eng Aarbechtsplaz fonnt hätten, géifen am Horeca-Secteur schaffen, zéng Prozent wieren am Commerce an zéng weider Prozent am ëffentlechen Déngscht agestallt ginn, sou nach de Laurent Peusch. Eng weider 70 Refugiée suivéieren den Ament dann eng Beschäftegungsmesure vum Aarbechtsamt.