Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADEM presentéiert Bilan an nei Strategie

Aarbechtsmarché

D'ADEM presentéiert Bilan an nei Strategie

De Chômage zu Lëtzebuerg geet erof a louch am Mee bei 4,6 Prozent, ronn 14.000 Leit sichen aktuell eng Plaz. D'ADEM zitt de Bilan vum leschte Joer a presentéiert eng nei Strategie fir 2025, déi nach méi Wäert op Formatioune leet fir de "Skill Gap" um Aarbechtsmarché ze adresséieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'ADEM kuckt zefridden zeréck op d'Joer 2021: Den Aarbechtsmarché wiisst, de Chômage geet zeréck. En Trend, dee sech trotz Pandemie, Inflatioun an dem Krich an der Ukrain och nach dëst Joer fortsetzt.

Bléck op d'lescht Joer an aktuell Situatioun

30.000 Dossiere konnt d'ADEM d'lescht Joer clôturéieren, souvill Leit hunn also 2021 eng nei Plaz fonnt. Dat sot d'Direktesch Isabelle Schlesser e Méinden de Moien, wéi si de Bilan vun der ADEM (Agence pour le développement de l'emploi) virgestallt huet.

Insgesamt geet de Chômage zu Lëtzebuerg effektiv erof a louch am Mee bei 4,9 Prozent. Och méi Laangzäit-Aarbechtsloser hunn am leschte Joer en Job fonnt. Problemer ginn et virun allem nach am Handwierk, hei goufen d'lescht Joer 1.300 oppe Léierplazen net besat.

Mee och am Horeca feelt et no der Pandemie nach u Leit, déi sech an där Zäit ëmorientéiert hunn. D'ADEM rekrutéiert dowéinst och lo verstäerkt am Ausland, fir der Demande vum dynameschen Aarbechtsmarché hei am Land Rechnung ze droen.

Nei Strategie fir "Skill Gap" ze adresséieren

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché wiisst weider, ronn 13.000 oppe Plaze ginn et am Moment ze besetzen. Gläichzäiteg siche nach bal 14.000 Leit, also ronn 4,6 Prozent vun der aktiver Bevëlkerung, no engem Job. Wann Demandeure sech net op Jobs vermëttele loossen ass de Grond heivir oft ee sougenannte "Skill Gap". Dëst bedeit, datt den Demandeuren hir Ausbildung de gesichte Profiller net entsprécht.

An hirer Strategie bis 2025 wëll d'ADEM dowéinst nach méi staark op d'Fortbildung vun den Demandeurs d'Emploi setzen, fir si um Aarbechtsmarché besser orientéieren ze kënnen. Ee grousse Problem sinn ëmmer nach d'Sproochen, hei gëtt et lo eng intensivéiert Zesummenaarbecht mam Institut National des Langues.

Weider Deeler vun der Strategie sinn d'Digitaliséierung vun der ADEM selwer, esou wéi och een Job-Board wou och Leit, déi net ageschriwwe sinn, no enger Aarbecht siche kënnen - dono hunn ënner anerem d'Patrone gefrot. Och de Feedback vun den Betriber soll an Zukunft digital oflafen: Wa si bis elo eng Persoun vun der ADEM zougewise kruten, hu si duerno misste Formulairen op Pabeier areechen.