Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADR wënscht sech e Wiessel un der Spëtzt vum Land

ADR Neijooschpatt

D'ADR wënscht sech e Wiessel un der Spëtzt vum Land

D'ADR wënscht sech e Wiessel un der Spëtzt vum Land. Kee Gambia 3 méi huet et gëschter um Neijooschpatt vun der zweetgréisster Oppositiounspartei geheescht, wou et vill Kritik un der Blo-Rout-Grénger Regierung gouf. Déi aktuell Regierung géif onkontrolléierbare Wuesstem bedreiwen, d'Natur zoubetonéieren oder nach d'Gesellschaft individualiséieren, esou d'Kritik vum Parteipresident Fred Keup gëschter Owend um Cents.

auto_stories

1 min

D'ADR wéilt e bessert Lëtzebuerg a wier och bereet Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Et géif een als Partei senger Linn trei bleiwen a fir Wäerter wéi zum Beispill Buedemstännegkeet astoen.

"Et wäerte falsch Saache behaapt ginn. Et wäert probéiert ginn eis ze diffaméieren. Et wäerten der erëm do sinn, déi eis rietsextrem nennen. Mir bleiwen eiser Linn trei. Well mir droen eis Politik an eisen Häerzer. Mir bleiwen zouversiichtlech a fueren eise Wee weider."