Radioen

On air

Notturno  |  Gwilym Gold - Blue Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR Norden: Véier Comitésmemberen trieden aus der Partei aus

National Politik

ADR Norden: Véier Comitésmemberen trieden aus der Partei aus

Bei der ADR gëtt et e weidere Sträit ronderëm d'Kandidatelëschte fir d'Chamberwalen. Nom Parteiaustrëtt vum Deputéierte Roy Reding am Zentrum, ginn et bei der ADR elo och Onstëmmegkeeten am Nordbezierk: Véier Comitésmemberen vun der ADR-Norden sinn aus der Partei ausgetratt, well si net averstane si mat der Aart a Weis wéi d'Kandidatelëscht an hirem Bezierk zustan koum.

auto_stories

2 min

Foto: Kaori Anne Jolliffe

Ënnert anerem de Marcel Bernardy, dee bis elo Vize-President vun der ADR am Norden war, sot eis, hien hätt seng Parteikaart ofginn. Hie geheit dem Bezierkspresident Michel Lemaire an dem ADR-Norddeputéierten Jeff Engelen vir, si hätten sech net un déi parteiintern Reegelen gehalen fir d'Kandidatelëschten ofzeseenen.

De Marcel Bernardyplay_arrow

"Den Här Engelen huet gesot se wieren zu véier Mann gewiescht: Dat wier hien, den Här Lemaire, den Här Kartheiser an den Här Keup - déi hätten déi Lëscht hei zesumme gesat. Woubäi an de Statutte steet, datt de Comité aus dem Bezierk Norden eng Lëscht zesumme setzt - a net déi an der Stad. Well déi an der Stad näischt domat ze dinn hunn. Den Nationalcomité muss déi Lëscht dann ofseenen. Dat sinn d'Spillreegelen. An dat hu se net gemaach."

De President vun der ADR Norden huet eis op Nofro hi confirméiert, datt och de Steve Schmitz, de Guy Arend an de Steve Lamberty hire Récktrëtt aus der Partei ugekënnegt hätten. Op d'Reprochen déi si him maachen, wollt de Michel Lemaire haut awer nach net reagéieren. Och den Norddeputéierten Jeff Engelen an de Parteipresident Fred Keup ware net direkt fir eng Stellungnam ze areechen.

Offiziell publizéiert huet d'ADR hir Nordlëscht bis elo nach net. De Steve Schmitz an de Guy Arend waren, eegen Aussoen no, selwer interesséiert fir mat an d'Chamberwalen ze goen. D'Bezierksspëtzt hätt si awer schlussendlech net zréckbehalen.