Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Water Underground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Sécherheet op der N7 gefuerdert

Mobilitéit

Méi Sécherheet op der N7 gefuerdert

Den Interesseveräin "de Cliärrwer Kanton" fuerdert d'Ëmsetze vun de Sécherheetsmoossnamen op der N7, déi de François Bausch annoncéiert huet. Dat gëllt fir d'Bypäss an d'Verbreederung vun der Strooss.

auto_stories

2 min

Den Adrien Wouters vum Interesseveräin "Cliärrwer Kanton"

"Mir verlaange keng Wonner fir d’Nationalstrooss N7, mee mir wëllen datt d’Sécherheet verbessert gëtt", seet den Adrien Wouters vum Interesseveräin "de Cliärrwer Kanton". Den aachte Mäerz d'läscht Joer, huet den Nohaltegkeet an Infrastrukturminister François Bausch an der Chamber präziséiert wéi eng Moossname géifen ergraff gi fir d'N7.

Ënnert anerem hat hie gesot datt d'Aarbechte fir de Bypass um Fridhaff 2016 kéinten ufänken. D'Froen ëm déi néideg Terrainen an dem Tracé wiere gekläert, hat de Minister nach präziséiert. Bis elo awer wier näischt geschitt, esou den Adrien Wouters.

Drock ass néideg

D'Associatioun "de Cliärrwer Kanton", déi zanter 1979 besteet, an déi haut vum DP-Deputéierten André Bauler presidéiert gëtt, huet eng ganz Partie Erfahrungen a verschidden Dossiere gemaach. Aus deem Grond wéisst een, datt een ëmmer misst derhannert bleiwen an Drock maachen, fir datt déi Dossiere realiséiert ginn, esou den Adrien Wouters. No der Publikatioun vum Pressecommuniqué iwwert d’Fuerderunge vum "Cliärrwer Kanton", huet de Nohaltegkeetsminister François Bausch iwwer Twitter reagéiert a geschriwwen: "Erstaunlech Aussoe vum André Bauler zur N7, firwat ass hien dann net an der Regierung bliwwen, fir vu bannen Drock ze maachen?"

"Wann hien dat esou seet, dann ass dat fir ons manifestement kloer, datt Drock néideg ass", esou den Adrien Wouters, dee weider bemierkt, "wann ech seng Aussoe richteg interpretéiere schéngt et mir, datt hien an deem Dossier selwer net genuch Afloss huet."

"Abwarten und Tee trinken"

D’Ausféierung vun de Gesetzer géing jo nach ëmmer an der Hand vun der Exekutiv, also der Regierung leien, esou nach den Adrien Wouters. De Vertrieder vum "Cliärrwer Kanton", ënnersträicht och, datt de François Bausch selwer gesot huet, datt d’Fro vun den Terrainen, souwuel fir de Bypass Fridhaff, ewéi och fir d’Lëppschent gekläert wier. "Wou awer bleift de Projet drun?", freet den Adrien Wouters.

Fir de "Cliärrwer Kanton" misste prioritär Sécherheetsmoossnamen ëmgesat ginn. Gewosst ass iwwerdeems, datt d’N7 de Normen net entsprécht, wëll se net breet genuch ass. "Dat huet de Nohaltegkeetsminister och erkannt", betount den Adrien Wouters. Eng Véierspureg Nationalstrooss wier zwar erwënscht, mee d’Strooss féiert och duerch Uertschaften, seet den Adrien Wouters.

Och do huet de François Bausch Pläng ugekënnegt fir Contournementer ze bauen. Dee vun Hengescht kéim awer fréistens 2030, d’Aarbechten zu Housen kéinten 2020 ulafen. Allerdéngs wier ee bei Housen elo bei der drëtter Variant an et wéisst een net ob d’Fro vun den Terraine gekläert wier. “Do heescht et Abwarten und Teetrinken”, esou den Adrien Wouters.