Chamberleak Affär Chamberleak zougemaach

De radio 100,7 begréisst ausdrécklech, datt de Parquet d'Affär Chamberleak zougemaach huet an déi zwee Journaliste Jean-Claude Franck a Claude Biver net inculpéiert goufen.

Redaktioun

Gebai vum radio 100,7

Fir de radio 100,7 ass et normal a richteg, datt d'Justiz iwwerpréift huet, ob eppes Illegales geschitt ass. Et ass awer net an der Rei, datt unilateral géint Journalisten enquêtéiert gouf. D'Perquisitioun an de Raimlechkeete vum radio 100,7 gesi mir als onverhältnesméisseg un.

D'Instruktioun vum Untersuchungsriichter Ernest Nilles hätt och missten a Richtung Chamber goe fir festzestellen, ob a wéi eng Date geklaut goufen. Dat ass awer net geschitt.

Weider kritiséiert de radio 100,7 d'Denonciatioun vun der Chamber, déi och unilateral géint Journaliste geriicht ass, ouni sech selwer a Fro ze stellen.

Duerch dës Decisioun vum Parquet besteet endlech juristesch Kloerheet: De radio 100,7 huet näischt Illegales gemaacht, mee ass senger journalistescher Flicht nokomm, fir d'Bierger op den Dysfonctionnement bei der informatescher Infrastruktur vun der Chamber hinzeweisen.

Den Audit, deen d'Chamber d'lescht Joer maache gelooss huet, huet ganz vill Faillen am informatesche System festgestallt. D'Chamber huet awer nach ëmmer e Retard bei der Ëmsetzung vun de Recommandatioune vum Audit.


Hannergrond:

Dat lëtzebuergescht Parlament hat am Mäerz d'lescht Joer d'Justiz ageschalt, nodeems dëse Radio reveléiert hat, datt um Internetsite vun der Chamber eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert waren - dat op Basis vun de Recherchë vu Jean-Claude Franck a Claude Biver. Duerch d'Editéiere vu Weblinke konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

De radio 100,7 krut vun der Chamber informatesch Intrusioun virgeheit. Am dësem Haus war et Mëtt Mee 2018 dowéinst zu enger Perquisitioun komm.

Dem Parquet no ginn et net genuch Elementer déi géifen duergoen, fir weider Poursuitte géint den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an de Journalist Claude Biver ze justifiéieren, sou de Communiqué vum Parquet. Eng Infraktioun, déi an d'Kategorie Cyberkriminalitéit géif falen, kéinten den zwee Journalisten net virgeworf ginn.


Detailer vum Christiane Kleer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Chamber
#Chamberleak

Ee Joer no de Chamberleaks ass d'Enquête vun der Justiz nach net ganz ofgeschloss. Dat sot eis de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hin. Virun engem Joer hat dëse Radio op Sécherheetsproblemer um Internetsite vun der Chamber opmierksam gemaach.

Gebai vum radio 100,7
Chamberleak

Beim radio 100,7 gouf et um Dënschdeg eng Perquisitioun vun der Police Judiciaire wéinst der Affär ëm Dokumenter, déi um Site vun der Chamber accessibel waren. Et goufe keng Dokumenter saiséiert.

Franck a Biver
#Chamberleak

De radio 100,7 wäert weider op den Dokumenter schaffen, déi ëffentlech um Chambersite waren. Wa si d'Interêt public sinn, wäerte se der Ëffentlechkeet matgedeelt ginn. Wéi ass den 100,7 op de Problem gestouss?

Mars di Bartolomeo
#Chamberleak

No der Sécherheetspann op chamber.lu huet de Chamberbureau de Mëtteg unanime decidéiert, d'Informatiounen un de Parquet weiderzeleeden. Dat annoncéiert de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen