Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Dieschbourg gouf scho virun den Deputéiert informéiert

Affär Dieschbourg/Traversini

Carole Dieschbourg gouf scho virun den Deputéiert informéiert

An der Affär ronderëm d'Carole Dieschbourg stelle sech nei Froen. Déi fréier Ëmweltministesch wousst den Dag virun hirer Demissioun a virun allen virun den zoustännegen Deputéiert vum Chamberbüro Bescheed, datt de Parquet seng Vir-Enquête ofgeschloss hätt. An d'Carole Dieschbourg krut déi Informatioun vun enger Parteikolleegin. Der Justizministesch Sam Tanson.

auto_stories

3 min

Virun e bësse méi wéi zwou Wochen huet de Parquet en Dossier un d'Chamber viruginn op dee mat vill Spannung erwaart gouf: Et geet ëm d'Vir-Enquête an der Affär Dieschbourg-Traversini, an d'Fro op déi fréier Ëmweltministesch hire Parteikolleeg Roberto Traversini bei Autorisatiouns-Prozedure bevirdeelegt hat.

Donneschdes, den 21. Abrëll, wier den Dossier Moies um hallwer eelef an der Chamber hannerluecht ginn, seet d'Procureur Générale d'Etat op eis Nofro hin. An nach dee selwechten Dag, ronn annerhallef Stonn méi spéit, hätt si och d'Justizministesch Sam Tanson doriwwer informéiert, esou d'Martine Solovieff. D'Tageblatt hat schonn doriwwer bericht.

D'Deputéiert vum Chamberbüro hätten awer réischt den Dag drop, freides um 12 Auer, vun der Presidence vun der Chamber Bescheed gesot krut, sot den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth am 100,7-Interview. Hien huet d'Fro opgeworf, wéi et ka sinn, datt déi gréng Partei an d'Carole Dieschbourg eegenen Aussoen no schonn donneschdes Bescheed woussten.

Sam Tanson huet d'Carole Dieschbourg informéiert

D'Justizministesch confirméiert d'Ausso vun der Procureure Générale, datt si d'Informatioun donneschdes vum Parquet krut. A si hätt déi Informatioun dunn och un d'Carole Dieschbourg weidergeleet, esou d'Sam Tanson.

"Ech war eigentlech der Meenung, vue datt den Dossier scho bei der Chamber géif leien, a Vue datt mer jo och wëssen, wéi séier datt déi Informatiounen oft zirkuléieren, datt déi Informatioun och bannent kierzester Zäit op der Place publique géif diskutéiert ginn. A fir datt d'Madamm Dieschbourg sech och kéint kuerz dorobber preparéieren hunn ech hir déi Informatioun du weiderginn."

CSV wëllt nach net reagéieren

Et geet hei just ëm d'Informatioun, datt d'Chamber den Dossier kritt hätt - net ëm Detailer aus dem Dossier selwer. An awer stellt sech d'Fro, ob et richteg war, déi Informatioun direkt un d'Carole Dieschbourg virun ze ginn.

Déi gréng Ëmweltministesch wousst doduerch, datt deemnächst géif driwwer decidéiert ginn, wéi et mat hirem Dossier viru geet - an zwar, nach éier déi zoustänneg Deputéiert selwer doriwwer informéiert goufen. D'Sam Tanson betount, dat hätt hirer Parteikolleegin keng juristesch Virdeeler bruecht. "Et huet hir just erlaabt, sech moralesch drop anzestellen, wat elo géif op se duer kommen.". Et huet hir awer och erlaabt, ze demissionéieren ier de Chamberbüro iwwerhaapt zesumme komm ass.

Et ass awer net kloer, ob d'Oppositioun an der Chamber déi Erklärungen esou acceptéiert: D'CSV wëllt sech am Moment nach net dozou äusseren. Et wéilt een d'Verhale vun der Justizministesch fir d'éischt juristesch préiwe loossen, huet et haut geheescht.