Radioen

On air

Notturno  |  Can - Moonshake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Resistenzmusée kritt Auto-Zensur virgeworf

Ausstellung mat Temoignagen

Resistenzmusée kritt Auto-Zensur virgeworf

D'Associatioun "eran, eraus... an elo?", déi sech fir d'Uleies vu Prisonnéier asetzt, geheit dem Resistenzmusée vun Esch Auto-Zensur vir. Effektiv huet de Musée een Temoignage vum ex-Prisonnéier a veruerteelten Duebel-Mäerder Guy Peiffer aus enger Expositioun iwwer Mënscherechter erausgeholl.

auto_stories

2 min

De Resistenzmusée ritt Auto-Zensur virgeworf.

Lauschterenplay_arrow


Fir de Musée de la résistence et des droits humains huet d'Associatioun Passerell zesumme mat der Kënschtlerin Frédérique Buck Temoignagen iwwer d'Mënscherechter gefilmt. Et war eng Optragsaarbecht fir déi permanent Ausstellung vum Musée, déi nach net ganz fäerdeg ass, mee déi awer schonn d'lescht Joer wärend der Ouverture vum Musée am Kader vun Esch2022 ze gesi war.

Eng Äntwert no dräi Méint

Een Temoignage war awer nëmme fir kuerz Zäit an der Ausstellung: Dee vum ex-Prisonéier Guy Peiffer, dee virun iwwer 30 Joer wéinst méi Delikter condamnéiert gouf. Nodeems Leit sech beschwéiert haten, datt de Guy Peiffer eng Plattform kréich, gouf säin Temoignage nees erausgeholl. De Christian Richartz, President vun der Associatioun "eran, eraus... an elo ?" bedauert dat.

"Am Moment ginn do reegelméisseg elementar Mënscherechter verletzt. Da gëtt am Musée eppes doriwwer gemaach a si froen eis eppes iwwer de Prisong ze maachen. An da gëtt just deen Temoignage erausgeholl. Dat fanne mir erstaunlech. A mir hu probéiert erauszefanne firwat. Mir hunn dem Direkter Här Schroeder eng Email geschriwwen, a mir kruten no dräi Méint eng Äntwert, datt si onofhängeg wieren a kéinte maachen, wat si wëllen."

Keng Erklärunge vum Musée

Den Temoignage vum Guy Peiffer gouf also no kuerzer Zäit aus der Ausstellung geholl a gëtt elo duerch een aneren ersat, erkläert d'ASBL Passerell. D'Thematik vum Prisong kënnt elo net méi an der Expositioun vir, bedauert d'Catherine Warin, Presidentin vu Passerell.

"Mir hu keen aneren Temoin fonnt, deen iwwer d'Situatioun am Prisong wollt schwätzen. Et ass immens schwéier een ze fannen, deen iwwer dee Sujet an enger permanenter Expositioun wëllt schwätzen. Mir hunn elo en anert Theema fonnt iwwer de Regruppement familiale fir mannerjäreg Flüchtlingen. Dee gouf vum Musée approuvéiert."

Vum Musée gëtt et keng Erklärungen. Eisen Informatiounen hunn dräi verschidde Gremien d'lescht Joer no enger Rei Diskussiounen decidéiert, den Temoignage vum Guy Peiffer erauszehuelen. Vum Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV), President vum Verwaltungsrot vum Musée, heescht et op Nofro hin, datt een de Virfall net wéilt kommentéieren.