Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - The Time Is The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affekot vum Flavio Becca freet Fräisproch

Auereprozess

Affekot vum Flavio Becca freet Fräisproch

Am sougenannten "Auereprozess" géint de Flavio Becca huet den Affekot Hervé Temime de Moien de Fräisproch vu sengem Client gefrot. De Promoteur a Sportinvestisseur Flavio Becca steet zanter der leschter Woch wéinst dem Virworf vun Ënnerschloe vu Firmeverméigen viru Geriicht an hie riskéiert eng Prisongs- an/oder eng Geldstrof.

auto_stories

1 min

De Flavio Becca (lénks) mat sengem Affekot

"Abus de biens sociaux" géif an dëser Affär net existéieren, esou de franséischen Affekot a sengem Plädoyer. Den Hervé Temime huet d'Aarbecht vun der Police Judiciaire kritiséiert an hien huet vun enger "extravaganter Perquisitioun" geschwat. Zum Beispill wier kee präzisen Inventar a keng Expertise vun den Honnerten Auere gemaach ginn.

De Kaf vun all den Aueren hätt an de Joreskonte vun de Gesellschafte gestanen, huet dem Flavio Becca säin zweeten Affekot Arsène Kronshagen plaidéiert. Et wier also falsch ze soen, datt de Promoteur sech op Käschte vu sengen Entreprisë perséinlech hätt wëlle beräicheren.

D'Suite vun dësem Prozess ass e Mëttwoch de Mëtteg.