Zu Lëtzebuerg liewen eng Partei Afghanen, déi den Asylstatut entweder refuséiert kruten, oder déi nach ee Recours um Verwaltungsgeriicht agereecht hunn. Eng zéng Affekoten, déi op Mënscherechter an Asylprozedure spezialiséiert sinn, hu sech zesumme mam Bâtonnier sortant getraff, fir iwwer deene Leit hir Situatioun ze diskutéieren.
Well d'Situatioun sech am Afghanistan dramatesch geännert huet, wëllen d'Affekoten eng gemeinsam Positioun ausschaffen, déi se vis à vis vum Immigratiounsministère oder dem Verwaltungsgeriicht wëlle verdeedegen.
Dacks feele Pabeieren
Déi Asyldemanden, déi bis elo vum Geriicht ofgewise goufen, missten elo accordéiert ginn, fuerdert den Affekot a Mënscherechtsspezialist Frank Wies. Bleift awer d'Problematik vum Regroupement familial: dee kéint nämlech just dann ugefrot ginn, wann een de Statut huet, erkläert de Frank Wies.
Bei den Ufroe fir de Regroupement familial géif de Problem meeschtens doranner bestoen, datt déi betraffe Leit déi néideg Pabeieren net hunn - dat war och scho virum Muechtwiessel an Afghanistan de Fall. Verschidde Leit wéilten och Familljememberen op Lëtzebuerg bréngen, déi net ënner de strikte Kader vum Regroupement familial falen, wéi zum Beispill hir Elteren.
Fluchtweeër garantéieren
Eng Plattform vu Lëtzebuerger Mënscherechtsorganisatioune maachen Drock op d'Lëtzebuerger Regierung fir d'Situatioun vun den Afghanen, déi zu Lëtzebuerg liewen, ze klären a fir Evakuatiounen ze favoriséieren, erkläert d'Ambre Schulz vun der ONG Passerell. Si fuerderen dofir, datt souwuel d'Asyldemanden an d'Regroupements familiales méi séier behandelt ginn.
Weider fuerdere si humanitär Fluchtweeër fir déi Leit, déi duerch de Regroupement familial op Lëtzebuerg komme sollen, a fir déi Leit, déi e Visa krute fir Afghanistan ze verloossen.
Liewensgefor fir Leit am Afghanistan
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun mécht sech iwwerdeems Suergen iwwer d'Situatioun vun hiren afghaneschen Homologen, déi wéinst hiren Aktivitéiten a Liewensgefor sinn, seet de President vun der CCDH Gilbert Pregno.
Betraff wiere Leit, déi sech fir d'Rechter vun de Fraen a Kanner agesat hunn. "Et ass kloer, wann et dohannen zu engem Ëmdenke kënnt, da sinn déi Leit a ganz grousser Gefor."
Et ass och d'Fuerderung, datt ee Membere vun der lokaler Mënscherechtskommissioun och aus dem Afghanistan evakuéiert an hei zu Lëtzebuerg empfänkt.