Europawahlen 2019 "Afloss vun europafeindleche Parteie wäert kleng bleiwen"

De Politolog Manuel Müller erwaart sech net, datt d'Europawahlen eppes Grondsätzleches un der europäescher Politik änneren: Ëmfroe géifen zwar drop hindeiten, datt europafeindlech Parteien u Stëmme gewannen. Dat géif awer net heeschen, datt dës Parteien dramatesch un Afloss gewannen, esou de Manuel Müller.

Rick Mertens / cbi

Manuel Müller - Foederalist Blog
De Manuel Müller ass Politolog a bloggt op foederalist.eu

Wahrscheinlech géif d'Europaparlament weider vun de "grousse Parteien aus der Mëtt" dominéiert ginn, och wann hie sech erwaart, datt si u Stëmme gewannen:

"Ziemlich wahrscheinlich wird bei dieser Europawahl zwar die bisherige große Koalition aus der konservativen europäischen Volkspartei und den europäischen Sozialdemokraten ihre Mehrheit im Parlament verlieren. Aber die europäische Politik wird sich trotzdem am Ende nicht grundlegend ändern. Sondern es wird weitergehen als eine Zusammenarbeit aus den größten Parteien der Mitte."

Dat wier ee vun de Grënn firwat vill EU-Bierger sech manner fir d'Europawahlen interesséieren, wéi fir national Wahlen. Trotzdem kéint een dovun ausgoen, datt d'Bedeelegung dës Kéier méi héich gëtt, wéi bei de leschten Europawahlen, och wann d'Wieler d'Erfarung gemaach hunn, datt d'Europawahlen näischt veränneren. "Das ist in der Vergangenheit nie passiert, und das steht auch dieses Mal nicht in Sicht."

Europawahlen änneren net vill

D'Ännerunge bei den Europawahle wieren éischter Nuancen: "Die haben schon eine Auswirkung auf den Kurs der Europäischen Union, aber es ist nicht so plastisch, wie man das bei nationalen Wahlen hat, mit diesem Regierungs-Oppositions-Gegensatz."

Verschidden europäesch Themen hätten de politeschen Debat an de Memberlänner nämlech staark gepräägt:

"Die Eurokrise, die noch bis 2015 angedauert hat, als die Griechenland-Frage im Raum stand. Dann seit 2015 sehr stark das Migrationsthema. Und dann haben auch andere Themen, die europäisch diskutiert werden, die nationalen Öffentlichkeiten stark beschäftigt. Dadurch ist, denke ich, das Grundinteresse an europäischer Politik in vielen Ländern noch mal gestiegen."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Le Pen, Salvini
Europawahlen 2019

À Milan ce week-end, se réunissaient les principaux partis identitaires européens, au côté de Matteo Salvini pour un dernier meeting appelant à un vote populiste européen.

Danièle Weber
EUROPÄESCHE WOCHERÉCKBLÉCK

Gutt eng Woch virun den Europawahlen hëlt d'Zuel vun den Debate mat Spëtzekandidaten zou. Et schéngt, wéi wann dës Kéier e bësse méi gestridde gëtt, wéi am Wahlkampf viru fënnef Joer. Gëtt et Gewënner bei dësen Debaten?

Charles Goerens
Europawahlen 2019

Wann de Charles Goerens gewielt gëtt, dann hätt hien och wëlles säi Mandat bis zum leschten Dag auszeféieren. Fir de liberalen Europadeputéierte gëtt et déi néngt Europawahl, bei där hie kandidéiert.

Eurovisiouns-Debatt
Eurovisiouns-Debatt

An der Eurovisiouns-Debatt stounge sech déi sechs Spëtzekandidaten fir d'Europawahle geigeniwwer. Bei den Theme Migratioun a Klimapolitik ware sech déi sechs net ëmmer eens. Et gouf awer eng kloer Koalitiounsoffer.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen