Radioen

On air

Notturno  |  Vijay Iyer Sextet - Nope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Agence eSanté: AMMD hofft op eng Léisung

Remboursement

Agence eSanté: AMMD hofft op eng Léisung

Am Sträit ëm d'Digitaliséierung vun der Santé hofft d'AMMD op eng Léisung. Rezent ware si zwar aus der Agence eSanté ausgetrueden, si riskéieren awer vill Suen ze verléieren, wann ee sech mat der CNS an der Agence eSanté net eens gëtt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'AMMD wollt mat hirer Firma DHN den elektronesche Patientendossier ëmsetzen. Mat enger App hätt den automatesche Remboursement vun de Rechnunge Realitéit ginn. Mee d'AMMD an DHN si sech net mat der staatlecher Agence eSanté eens ginn, d'Agence schafft elo mat engem anere Fournisseur un enger Léisung.

Conclusioun fir DHN, an där d'AMMD zu 80 Prozent Aktionär ass: 3,6 Milliounen Euro Scholden. Bis d'Fréijoer wëllt d'Firma nach aktiv bleiwen, erkläert den AMMD-President Alain Schmit am 100,7-Interview.

De System wier scho bei e puer Dokteren en place gesagt ginn, d'Firma géif awer elo "op Spuerflam" lafen, fir Käschten ze spueren. "En attente, datt de politeschen Obstakel, dee mir hunn. sech léist", esou den Alain Schmit.

DHN: "Mir ginn am Ree stoe gelooss"

D'Firma DHN äussert sech am 100,7-Interview: De Matgrënner Claude Have seet, de Staat hätt DHN net korrekt behandelt: Ufanks hätt een en "Gentleman's agreement" gehat, an et wier net alles kontraktuell festgehale ginn.

D'CNS hätt sollten den elektronesche Krankeschäin definéieren - eng Diskussioun, déi schonn op 2014 ugefaangen huet. D'Gesondheetskeess hätt DHN den Detail vum Remboursement als "strukturéiert Form" liwwere sollen, seet de Claude Have, sou datt d'Assurancen hätte kënnen agebonne ginn.

"Si hunn dat alles net gemaach, si hunn och zanter engem Joer net op eis Demande geäntwert", kritiséiert de Claude Have. "Si hunn eis wierklech am Reen stoe gelooss, nodeems se iwwer 100 Reunioune mat eis hate fir de System en place ze setzen".

eSanté schafft mat anerem Fournisseur zesummen

DHN schléisst net aus, rechtlech Schrëtt géint d'Regierung anzeleeden, wann d'Firma Faillite géif maachen. Den AMMD-President Alain Schmit hofft weider, datt DHN en Optrag awer nach ka kréien.

Et gëtt awer Konkurrenz: Zanter engem gudde Joer schafft d'Agence eSanté mat engem zweete Fournisseur zesummen, dee sech EPIONE nennt. Zil ass et, en änleche System auszeschaffe wéi DHN. Op Nofro hi seet EPIONE, datt hire System vu Januar u bei den Dokteren installéiert soll ginn.

Den CNS-Direkter Christian Oberlé, President vun der Agence eSanté, hat rezent hei um Radio gesot, hie wéilt den elektronesche Patientendossier bis den nächste Summer stoen hunn.Wéi et bis elo ausgesäit, ouni d'Firma DHN vun der AMMD.