Wann ee gär weider en effikasse Staatsrot hätt, da wier et, an hiren Aen, wichteg, datt d'Institutioun weider esou schafft, wéi se dat an der Vergaangenheet gemaach huet.
De Staatsrot wier ebe kee Parlament an et wier och net seng Missioun, fir sech selwer "grouss en valeur" ze setzen.
"Mir bréngen am Fong e bëssen Distanz, e bësse Coolness par Rapport zu de Sujete mat eran. An ech mengen, dat ass d'Roll, déi mir als Staatsrot hunn, an ech wéilt awer och do net drop verzichten."
Den Alex Bodry wier eng sënnvoll Verstäerkung fir de Staatsrot
Haut de Mëtteg (Dënschdeg) gëtt den Alex Bodry als neie Member vum Staatsrot vereedegt. Si hätt net onbedéngt mam Interessi vum laangjäregen LSAP-Deputéierte fir dee Poste gerechent, seet d'Presidentin vum Staatsrot Agny Durdu. Si géif awer hoffen, datt den Alex Bodry an där neier Roll, am Hannergrond, glécklech gëtt.
Aus de Berodungen iwwer d'Verfassungs-Ännerungen, déi hien an der Chamber mat geschriwwen huet, misst hie sech (den deontologesche Reegele vum Staatsrot no) awer eraushalen. De Staatsrot géif d'Kéier, déi d'Parlament an der Constitutiouns-Diskussioun geholl huet, zur Kenntnis huelen, seet d'Agny Durdu.