Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Diana Ross - Love Hangover

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ähnlech Wieler fir ADR a Piraten

Chamberwahlen 2018

Ähnlech Wieler fir ADR a Piraten

Wieler déi sech bei de leschte Chamberwahle fir d'ADR an d'Piraten entscheet hunn, gesinn den Zoustand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft méi pessimistesch. Dat geet aus der Studialux Etüd vun der Uni Lëtzebuerg ervir. An dëser Etüd ass no dem Wahlen am Hierscht 2018 gekuckt ginn, wéi eng Themen de Wieler wichteg waren.

auto_stories

4 min

Aacht vun zéng Wieler, déi bei der Etüd vun der Uni Lëtzebuerg matgemaach hunn, fannen, datt d'Zesummeliewe vun de verschiddene Bevëlkerungs- a Sproochegruppen hei am Land harmonesch verleeft.

Verschidde Parteie géife sech awer soen, "datt dës Harmonie net esou staark ass, wéi een dat denke kéint", seet de Raphael Kies. Bei der ADR wier dat normal, "well et ass déi souveränistesch Partei hei am Land", mee och fir déi "ausserierdesch Pirate" wier dat keng Iwwerraschung, esou de Politolog vun der Uni Lëtzebuerg.

Ënnerscheeder tëschent ADR a Piraten

De Pessimismus vun dësen zwou Wielergruppe weist sech och bei der Fro, wéi si déi ekonomesch Entwécklung fir dat nächst Joer aschätzen a wéi zefridde si mat der Demokratie zu Lëtzebuerg sinn.

Trotzdem gëtt et en Ënnerscheed tëschent de Wieler vum ADR a vun der Piratepartei, betount de Philippe Poirier, Titulaire vum Léierstull fir parlamentaresch Studië vun der Uni Lëtzebuerg. Besonnesch bei Gesellschaftsfroe géif een dësen Ënnerscheed gesinn. "D'Wieler vum ADR si méi sozialkonservativ", erkläert de Philippe Poirier a präziséiert, datt dësen Terme net pejorativ gemengt ass. "Wieler vun de Pirate si bei Froe vun der Homosexualitéit, PMA, GPA vill méi kulturell liberal." Bei Froe vun der Identitéit, Immigratioun, Souveränitéit a Proprietéit géif et awer eng Konvergenz ginn.

Leit hu méi Wahlprogrammer gelies

Allgemeng géifen déi meescht Lëtzebuerger sech nach ëmmer am Zentrum vum politesche Spektrum situéieren. Vun de Chamberwahlen 2013 op 2018 hätt et awer eng liicht Beweegung a Richtung vun de politesche Ränner ginn. De Raphael Kies erkläert, datt ee sech an der Etüd och dofir interesséiert hätt, wéi d'Leit sech hier politesch Meenung bilden:

"Déi éischt Informatiounsquell ass et mat Frënn a Bekannten ze diskutéieren. Dat zweet Element ass d'Press. En anert Element, wat am Verglach zu de Wahle virdru ganz staark erausgestach ass, ass datt d'Bierger den Effort gemaach hunn, d'Wahlprogrammer ze liesen. Dat war nei. Da gesi mir nach, datt Medie wéi de Radio oder d'Tëlee hiren Afloss bei der Meenungsbildung verléieren. Da kommen nach déi sozial Medie ganz staark op."

Wéi een Impakt besonnesch d'sozial Medien hunn, misst een an Zukunft nach méi genee betruechten. Parteien orientéieren hier Wahlcampagne dacks an déi Richtung, wou si mengen, datt de Schong dréckt.

Wat fir eng Theme waren 2018 wierklech wichteg?

Mat hirer Analys hätte si 2018 awer deels dernieftgeleeën, fënnt de Raphael Kies. Vill Parteien hätten d'Iddi gehat, datt et bei de Wahlen ëm d'Theme vun der Identitéit oder der Sprooch géif goen an hätten hir Wahlcampagne dëse Sujeten ugepasst. "Mee mir hu festgestallt, datt déi Themen de Wieler guer net esou wichteg waren. Et gouf e bëssen eng falsch Siichtweis, déi och e bëssen aus dem Resultat vum Referendum 2015 bei de Parteien entstanen ass.", esou d'Analys vum Raphael Kies.

D'Themen déi de Wieler dann tatsächlech wichteg waren, hu sech iwwer d'Zäit staark verännert. Sou hätten d'Lëtzebuerger bei de Chamberwahlen 2018 ganz aner Prioritéite gehat wéi nach 2013. Esou wieren déi ekonomesch Froe wéi Chômage oder d'Finanzkris bis viru kuerzem nach als immens wichteg Themen ugesi ginn. Dat hätt sech awer verännert:

"Elo mat enger Gesellschaft, där et gutt geet - och wann een dat relativéiere muss - gesi mir, datt d'Preoccupatioune vun de Lëtzebuerger sech komplett verännert hunn. Et geet elo méi ëm Froe vum Bien-être. Ob dat d'Ëmwelt ass oder d'Bildung."

De Problem Nummer eent, deen d'Wieler bei de Chamberwahlen 2018 nach ëmmer interesséiert huet, wier dee vum Logement gewiescht, präziséiert de Raphael Kies.