Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Akommes ass Haaptrisikofacteur fir Covid-Infektioun

Etüd am "The Lancet"

Akommes ass Haaptrisikofacteur fir Covid-Infektioun

Leit mat niddregem Akommes hunn zu Lëtzebuerg méi e grousse Risiko sech mam neie Coronavirus unzestieche wéi déi méi räich. Dat ass eng vun den Haaptconclusiounen aus de Resultater vun der éischter Phas vum Large-Scale-Testing, déi d'lescht Woch an der Wëssenschaftszeitung "The Lancet" publizéiert goufen. Ee Gespréich mam Paul Wilmes, dem Haapt-Auteur vum Artikel.

auto_stories

3 min

De Paul Wilmes seet, et géing ganz kloer eng sozio-ekonomesch Dimensioun bei de Corona-Infektioune ginn:

"Den Haaptfacteur fir positiv getest ze ginn, ass datt een e Joresakommes vun ënner 30.000 Euro huet."

Éischt Phas ënner der Lupp

Datt Leit mat manner Akommes, méi en héije Risiko hunn am Large-Scale-Testing positiv getest ze ginn, geet aus den Donnéeë vu Mëtt Mee bis Mëtt September ervir. Wourop dat zeréckzeféieren ass, dozou wëll de Paul Wilmes, och Spriecher vun der Covid-19-Taskforce an Deel vum Team, dat de Large-Scale-Testing d'lëscht Fréijoer opgesat huet, net méi soen. Hien wier net Soziolog.

An deem Zäitraum sinn am Secteur vun de Services aux entreprises, dorënner de Gardiennage, besonnesch vill Leit am LST positiv getest ginn.

Wourun et hänkt, ob d'Leit do manner geschützt sinn oder ob se d'Mesuren net agehalen hunn, doriwwer gëtt et keng Réckschlëss.

Symptomatesch Ustiechungsgefor grad esou grouss

Eng weider Erkenntnis aus den Donnéeën, déi d'Fuerscher ronderëm de Paul Wilmes gezunn hunn, ass datt et kee groussen Ënnerscheed mécht, ob ee symptomatesch oder asymptomatesch ass, wann ee kuckt, wéi vill weider Leit herno ugestach goufen.

"Déi asymptomatesch déi haten 0,6 positiv Kontakter, dat heescht Leit, déi herno och positiv goufen ënner hire Kontakter a bei de symptomatesche waren et der 0,7."

D'Fuerscher hunn en Ënnerscheed gemaach, tëschent deene Positiven, déi keng, respektiv déi Symptomer haten, wéi se vun der Santé ugeruff kruten, fir hinnen ze soen, datt se positiv wieren. Dee Moment hate 67 Prozent vun 850 Leit, déi am LST détectéiert goufe Symptomer entwéckelt.

"D'CQ-Valeure vun der RT-PCR, déi sinn net all ze ënnerschiddlech tëschent deenen, wou mir gesinn hunn, datt se ebe symptomatesch waren oder wierklech dann asymptomatesch."

Mee datt déi eng bal genee esou vill Leit ustieche wéi déi aner, dozou dréit och hiert Behuelen ënner Leit bei, esou de Paul Wilmes.

Well se manner virsiichteg wieren, géifen si bal genee esou vill Leit ustiechen, obwuel d'Viruslaascht vläicht manner héich wier.

Ouni LST 43 Prozent méi Infektiounen am Summer

D'Fuerscher hunn esou wuel déi Symptomatesch ewéi déi Asymptomatesch Positiv an hir Rechnung mat abegraff, no där et iwwer de lëschte Summer ouni Large-Scale-Testing 43 Prozent méi Infektioune ginn hätt. Op d'Fro, ob déi Symptomatesch net och ouni LST fonnt gi wieren, wann se bei de Dokter gaange wieren an dofir déi Berechnung den Impakt vum LST net iwwerbewäert, äntwert de Paul Wilmes:

"De sprangende Punkt ass jo awer hei, datt een iwwer de LST déi Leit fréizäiteg fënnt an datt ee fréizäiteg Infektiounsketten zerbrieche kann an dat ass dann och firwat den Impakt bei deenen 43 Prozent, wou et méi Infektiounen ouni LST ginn hätt, hierkënnt."

Hien weist och drop hin, datt zu deem Zäitpunkt d'Leit net onbedéngt den Ënnerscheed tëschent hirem Heeschnapp a Covid-Symptomer gemaach hätten.

Ouni de Contact Tracing hannen drun ass den Impakt vum Large-Scale-Testing awer wesentlech manner grouss. Ouni Contact Tracing wier den Effet vum Large-Scale-Testing op d'Fallzuelen ëm méi ewéi d'Hallschent zeréck gaangen.