Radioen

On air

Notturno  |  Rhucle - Slow Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuell Corona-Mesurë bis den 2. Abrëll verlängert

Pandemie

Aktuell Corona-Mesurë bis den 2. Abrëll verlängert

Déi aktuell Corona-Mesurë gi bis den 2. Abrëll, also Karfreideg, verlängert. Dat hunn de Premierminister an d'Gesondheetsministerin haut op enger Pressekonferenz nom Regierungsrot annoncéiert. Sollten d'Zuelen et erlaben, wier eng Ouverture vum Horeca-Secteur am Abrëll awer méiglech. D'Chamber muss dat néidegt Gesetz fir d'Verlängerung vun de Mesuren d'nächst Woch nach stëmmen.

auto_stories

2 min

Eng méiglech Ouverture vum Horeca-Secteur am Abrëll géif an Aussiicht stoen. D'Chamber muss dat néidegt Gesetz fir d'Verlängerung vun de Mesuren d'nächst Woch nach stëmmen.

"Schrëtt an ee méi normaalt Liewen"

De Premier seet, datt éischt Gespréicher mat Horeca-Secteur géinge lafen, fir ze definéieren, u wéi eng Konditiounen esou eng Ouverture gebonne wier. Et wier definitiv keng "normal" Ouverture an d'Zuelen wieren ausschlaggebend, ënnersträicht de Xavier Bettel.

Och Gespréicher iwwer weider Ouverturen am Sport an an der Kultur wieren am Gaangen.

Point iwwer d'momentan Situatioun

Et géif eng liicht Tendenz no uewe gi bei den Neiinfektiounen, an de Kläranlagen an an den Hospitalisatiounen, seet d'Gesondheetsministerin. D'Situatioun wier trotz den neien Coronavirus-Varianten awer weiderhin stabel. De Premier ënnersträicht, datt een éischten Impakt vun den Impfungen ze gesi wieren: et géife manner Leit iwwer 65 Joer krank ginn.

An deenen nächsten Wochen wéilt een och verstäerkt Schnelltester an de Schoulen an an den Altersheemer asetzen.

Bilan vun der éischter Impf-Phas

Iwwer 60 Prozent vun de Leit iwwer 75 Joer hätten bis elo eng Impfinvitatioun kritt. Et géifen nach eng 14.000 Leit an dëser Kategorie feelen. D'Regierung gesäit fir, bis den 20. Mäerz déi läscht Invitatiounen rausgeschéckt ze hunn. Vu datt AstraZeneca elo och fir Leit iwwer 65 Joer ka benotzt ginn, géifen fir d'Phas 5A, déi ënner der Woch ugefaangen hat, och keng weider Reservatioune rausgeschéckt ginn.

Geplangten Impfliwwerungen am Abrëll

Sollten d'Liwwerungen, déi fir den Abrëll geplangt waren, all ukommen, kéinten am Abrëll eng 73.000 Leit geimpft ginn. Virgesi sinn iwwer 80.000 Dosissen vun Pfizer/BioNTech, iwwer 42.000 vun AstraZeneca an eng 8.400 vu Moderna. De Premier hofft, datt "den Abrëll dee Mount wäert sinn, wou mer wierklech et kënne fäerdeg bréngen e groussen Impakt op den Impfunge kënnen ze hunn."