Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Zuch d'Stonn aus Richtung Süden

Arrêt Pafendall-Kierchbierg

Een Zuch d'Stonn aus Richtung Süden

Den Arrêt Pafendall-Kierchbierg bréngt Erausfuerderunge mat sech. D'Stater Gare muss ausgebaut ginn. Dummeldeng och, fënnt ee beim Syprolux. Ufanks wäerte wéineg Zich aus dem Süden direkt kënnen duerchfueren.

auto_stories

3 min

Nach ass den Arrêt Kierchbierg-Pafendall ee Chantier

Wann den Arrêt Pafendall-Kierchbierg am Dezember 2017 mam Funiculaire opgeet, da wäert an enger éischter Phas zu Spëtzenzäite just een Zuch d'Stonn aus Richtung Süden (Esch-Uelzecht, Péiteng, Frankräich, Klengbetten/Arel) deen Arrêt op direktem Wee ufueren. Dat huet den Transport- an Infrastrukturminister François Bausch eis op Nofro hin confirméiert.

Déi Leit, déi net an deem direkten Zuch setzen, mussen op der Stater Gare ëmklammen an ee weideren Zuch Richtung Norden, deen dann um Arrêt Pafendall-Kierchbierg hält. Zich, déi aus Richtung Norde kommen, sollen iwwerdeems vun Ufank un "bal all" op der neier Gare halen, sou de François Bausch.

Syprolux: Ausbau zu Dummeldeng néideg

De Jean-Paul Schmitz, Vize-President vun der Gewerkschaft Syprolux ass iwwerdeems der Meenung, datt d'Dummeldenger Gare misst ausgebaut ginn, fir den zousätzlechen Zuchverkéier ze bewältegen, dee vun Dezember un ënnert der rouder Bréck entstoe wäert. Aktuell gëtt et op der Dummeldenger Gare dräi Gleiser. Et bräicht een awer zwee weider Gleiser mat engem Quai, fir den Arrêt Pafendall-Kierchbierg vun Dezember u sënnvoll kënnen unzefueren, esou de Gewerkschaftler.

Wa an Zukunft méi Zich iwwert den Arrêt Pont rouge op d'Nordstreck fueren, da bréicht een zu Dummeldeng "méi Wach" fir Zich déi net weider an de Norde fueren ze garéieren. "Zu Dummeldeng ass jo genuch Plaz, mee a mengen Aen ass d'Infrastruktur do nach net genuch ausgebaut, fir kënne méi Zich dohifueren ze loossen", sou de Jean-Paul Schmitz.

Gare Lëtzebuerg méi een urgente Problem

De Vize-President vum Syprolux bedauert, datt nach keng weider Informatioune géinge virleien, wéi den Arrêt Pafendall-Kierchbierg genee ugefuer géif ginn. Déi lescht Informatiounen déi him virleien, géife vun zwee Zich d'Stonn an all Richtung schwätzen. Also zwee Zich a Richtung Norden an zwee Zich a Richtung Stater Gare an/oder Süden.

Wann d’Zuchfollëg esou organiséiert ass, datt maximal zwee Zich zur selwechter Zäit zu Dummeldeng géife stoe bleiwen, wier en Ausbau vun der Dummeldenger Gare och an Zukunft net néideg, mengt sengersäits de Jean-Claude Thümmel, President vun der Gewerkschaft Landesverband. Hien ass der Meenung, datt Ëmännerungen un de Weichen zu Dummeldeng géifen duergoen fir den Zuchverkéier zu Dummeldeng an Zukunft ze bewältegen.

Senger Meenung no ass d'Gare Lëtzebuerg méi een urgente Problem. "Et wier gutt, laangfristeg op méi Zich ze kommen [op der Streck], mee de Problem ass, datt mer mussen duerch d'Gare Lëtzebuerg fueren", sou de Gewerkschaftler.

2019: Weider Quaien op der Stater Gare

Bis 2019 sollen zwee weider Quaien op der Gare Lëtzebuerg opgoen. Da kéint een d’Zich och méi streckegebonnen asetzen an doduerch e méi efficacen Trafic assuréieren, si sech de Jean-Claude Thümmel vum Landesverband an de Jean-Claude Schmitz vu Syprolux eens.

Den Infrastruktur- an Transportministère plangt iwwerdeems aktuell keng Ännerungen un der Gare zu Dummeldeng, seet de Minister François Bausch. De 7. Mäerz ass eng Reunioun vum Comité mixte vun den CFL vun där de Landesverband sech konkret Programmer a Virschléi erwaart.

Erausfuerderunge ronderëm den Arrêt Pafendall-Kierchbiergplay_arrow