Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuell Medikamenter um Marché bei enger Covid-19-Infektioun

Pandemie

Aktuell Medikamenter um Marché bei enger Covid-19-Infektioun

Et gi mëttlerweil e puer Medikamenter um Maart déi am Fall vun enger Covid-19-Infizéierung kënnen agesat gi fir schwéier Verleef ze verhënneren. Däitschland huet elo eng Millioun Traitementer vum Medikament PAXLOVID bestallt dee vum Pharmakonzern Pfizer entwéckelt gouf. Och d'Konzerner Merck oder Roche hunn nei Medikamenter op de Maart bruecht, déi op ënnerschiddlech Aart a Weisen op de Virus wierken.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et ginn zwou Methode fir de Virus a Schach ze halen, engersäits ginn et Medikamenter déi bannent der Zell wierken, oder et kann een de Virus drun hënneren an d'Zell eranzegoen.

Bestanddeeler vum Virus ginn ofgeännert

Pfizer a Merck hu Moleküllen entwéckelt, déi bannent der Zell wierken. D'Zil ass et d'Multiplizéiere vum Virus ofzebremsen. Mam Paxlovid vu Pfizer gi speziell Enzymer blockéiert déi fir d'Fräisetzung an d'Maturatioun vun de Virusproteinen an der Zell néideg sinn.

Mam Medikament Molnupiravir, vum Konzern Merck gëtt iwwer syntheetesch Bestanddeeler de Virus selwer ofgeännert. De Professer Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health:

"Wann dann Analoga entstinn, déi duerch d'Medikament generéiert ginn, da ginn déi agebaut an d'Sequenz vum Virus, an dem RNA vum Virus an da kënnt et zu Feeler an der Bildung an der Replikatioun vum Virus. Déi Feeler féieren dozou, datt ebe Viren entstinn déi net liewensfäeg sinn."

Duerch déi Method multiplizéiert sech de Virus net, et entstoe manner Schied an den Immunsystem ka sech besser wieren.

Déi Medikamenter kënnen awer och Niewewierkungen hunn, a fir schwanger Fraen oder Leit mat Liewererkrankunge soll ee virsiichteg sinn.

Medikamenter si keen Ersatz fir Impfung

Bei monoklonalen Antikierper-Therapië gëtt baussent der Zell gewierkt. D'Antikierper bannen de Virus, wann en ausserhalb vun der Zell ass, erkläert den Dr. Claude Muller:

"An doduerch, datt en se beleeë mam Antikierper, kann de Virus net méi esou gutt un d'Zell undocken a kann net méi an d'Zell erakommen. Iwwer dee Wee kann de Virus sech net méi vermehren, well en sech nëmmen an der Zell ka multiplizéieren."

An och wann d'Medikamenter elo op de Maart kommen, wier dat keen Ersatz fir d'Impfung, warnt de Dokter Claude Muller.

Hien gëtt och ze bedenken, datt ee bei der Impfung nëmme rar Niewewierkungen huet, a bei deenen neie Medikamenter kann ee wäit méi drënner leiden.