Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Akzeptanz vum ëffentlechen Transport stäerken

TICE

Akzeptanz vum ëffentlechen Transport stäerken

D'Prioritéit vum neien TICE-President wier et d'Akzeptanz vum ëffentlechen Transport z'erhéijen. 2017 huet den TICE eng 10 Millioune Passagéier gezielt. Do géif et nach Sputt no Uewe ginn, sou de Pierre Mellina.

auto_stories

2 min

Pierre Mellina, Preisdent vum TICE

Een Defi, deen et ze meeschtere gëllt, ass dee vun der Zouverlässegkeet vum Transport. Well d'Buslinnen duerch déi verschidden Agglomeratioune féieren, feelt et dacks u Couloire feelen, déi fir de Bus kéinte reservéiert ginn. D'Busse wiere konfrontéiert mat de Verkéiersproblemer. Fir dee Problem ofzefiederen, informéiert d'Zentral d'Chaufferen, mä och d'Passagéier, esou de Pierre Mellina.

Superbus tëscht Déifferdeng a Péiteng

De Péitenger Buergermeeschter ënnerstëtzt iwwerdeems d'Iddi vum Superbus, sou wéi den Nohaltegkeetsminister François Bausch dat an Aussicht gestallt huet. Dee Superbus soll d'Uertschaften tëscht Déifferdeng an Diddeleng matenee verbannen. Och Péiteng misst bedéngt ginn, insistéiert de Pierre Mellina. De Superbus verbënnt déi verschidden Uertschaften a gesäit nëmme wéineg Arrête fir. E Retour vum Tram am Süde steet net op der Dagesuerdnung.

Erneierbar Energien

50 vun den 130 Busse vum TICE benotze Biogas vum Minett-Kompost. Domat hätt een déi maximal Kapassitéit am Beräich vum Biogas erreecht, sot de Pierre Mellina. An deem Fall misst een och d'Tankstatioun ausbauen, an dofir wier eng Commodo-Incommodo Prozedur néideg. Et gëtt elo no Alternative gesicht.

Eng Etüd hätt awer erginn, datt d'Hybridbussen net déi optimal Léisung géifen duerstellen. Allerdéngs géif een elo d'Iddi vun der Aféierung vun Elektro-Bussen ënnert d'Lupp huelen. Wéi déi Gefierer kënne séier opgeluede ginn, soll an enger Etude analyséiert ginn. Ee vun den technesche Problemer dee muss geléist ginn, ass de Fait datt d'Busse laang Strecke musse fueren. Ähnlech Problemer hätt et um Ufank mat de Gasbusse ginn. Déi Problemer wieren awer mat der Zäit duerch den technologesche Fortschrëtt geléist ginn, seet de Pierre Mellina.