Update 17:46
D'Administration de la gestion de l'eau warnt viru liichten Iwwerschwemmungen. Et ginn awer keng signifikant Schied erwaart. D'Sauer, d'Uelzecht, d'Kuer an d'Sir si betraff. Weider Informatioune ginn et op inondations.lu
Update 12:30
180 Asaz a 1460 Uriff, dat ass de Bilan vun de Rettungsdéngschter, déi zanter gëschter an nach haut de Moien wéinst dem Stuerm ënnerwee waren. Meeschtens goung et bei den Interventiounen ëm Beem déi ëmgefall sinn.
De Stuerm war manner staark ewéi erwaart an et hätt och manner gereent. Aus deem Grond géifen et keng Blesséierter an och keng Interventiounen wéinst Iwwerschwemmunge ginn. Wéinst der Alerte rouge, déi elo opgehuewen ass, waren vun den 120 Centre d'incendie et de secours der 60 am Asaz, mat all Kéier 15 Pompjeeën. Am Ganze waren eng 900 bis 1.000 Pompjeeën um Terrain, esou de Christopher Schuh vum CGDIS.
Update 06:00
De Stuerm "Sabine" ass iwwer Lëtzebuerg an Europa gezunn. Hei zu Lëtzebuerg waren d'Rettungsdéngschter an der Nuecht bis um aacht Auer moies 117 Mol am Asaz, sot eis de Christopher Schuh vum CGDIS an engem éischte Bilan. Et gouf kee Mënsch blesséiert. D'Asätz ware virun allem wéinst Beem, déi ëmgefall sinn.
Um Kierchbierg war de Moien e Bam op den Tram gefall op der Héicht vun der Coque. Och do gouf kee blesséiert. Den Tram fiert elo nees.
Ponts et Chaussées sinn 179 Mol geruff ginn, 13 Stroosse bleiwen den Ament gespaart:
- CR154 Alzingen - Syren
- CR189 Goeblange - Simmerschmelz
- CR101 Kopstal - Schoenfels
- N8 Saeul - Kräizerbruch
- CR176/177 Lausauvage - Hussigny
- CR176 Differdange - Roudenhaff
- CR118 Consdorf - Mëllerdall
- CR121 Blumendall - Reulandermillen
- N28 Hierheck - Grousbous
- N23 Martelange
- CR306 Vichten - Grousbous
- CR101 Lintgen, route de Fischbach
- CR122 Gonderange - Rodenbourg
De Stuerm ass nach net eriwwer. D'Alerte gëllt nach de ganze Méindeg iwwer.
Hënt hätt de Stuerm Wandspëtzte vu bis zu 110 Kilometer an der Stonn erreecht. Deemno soll ee weider ganz virsiichteg ze sinn. Wien net muss eraus, soll wa méiglech nach dobanne bleiwen. Déi déi eraus mussen a mam Auto fueren, solle keng Stroossen huelen, déi duerch Bëscher ginn.
De Noutfall-Interventiounsplang gouf aktivéiert. D'Luxair deelt mat, datt d'Flich bis um 10 Auer annuléiert waren.
De CGDIS huet ënner anerem säin Noutfallzenter ëm zwou Persoune verstäerkt, deele si per Communiqué mat. Et sinn elo aacht Mataarbechter disponibel. De Centre de Gestion des Opérations (CGO) gouf am Owend aktivéiert: Fir datt Noutfäll, déi näischt mam Stuerm ze dinn haten, ouni Delaie konnten traitéiert ginn.
[Vigilance rouge] avis de tempête très violente pour la nuit du 9 au 10 février entre 1h00 et 9h00 avec des vents annoncés supérieurs à 110km/h. Merci de respecter les conseils de sécurité des autorités et de limiter vos appels aux 112 pour des urgences. pic.twitter.com/RitfcmMUBD
- CGDIS (@CGDISlux) February 9, 2020
D'Waasserwirtschaftsamt huet viru liichtem Héichwaasser gewarnt. D'Sauer, d'Uelzecht, d'Kuer an d'Sir si betraff. De Risiko vu signifikante Schied wier awer geréng.
D'CFL schreift op hirem Internetsite, datt d'Zich wéinst dem Stuerm riskéiere méi lues ze fueren.
Schoulfräi um Méindeg
Och de Méindeg de Moie bléist et nach kräfteg. Den Educatiounsministère huet d'Schüler aus de Grondschoulen, de Lycéeën an och de Kompetenzzentere fräigestallt. Si mussen deemno net an d'Schoul goen.
D'Schoule bleiwen awer op fir déi Schüler, déi awer wëllen dohinner goen, esou de Ministère.
Zu Esch wäert de Schülertransport ganz ausfalen, heescht et vun der Gemeng. Dat selwecht gëllt fir de Service Pédibus, bei deem d'Kanner zu Fouss begleet ginn. Och d'Maisons relaisen zu Esch bleiwen zou. Fir den Noutfall wier en Accueil garantéiert. Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun der Gemeng Esch.
An der Stad Lëtzebuerg wäert de Schoultransport assuréiert gi fir déi Schüler, déi an d'Schoul wëlle goen.
D'Studente vun der Uni Lëtzebuerg kréien eng Dispens fir net mussen an de Cours ze goen. D'Personal vun der Uni dierf vun doheem aus schaffen.
Vill Reen
De Wand bléist staark bis en Dënschdeg de Moien, mam Héichpunkt an der Nuecht vu Sonndeg op e Méindeg. Plazeweis huet MeteoLux och tëschent 20 an 30 Liter Reen op de Quadratmeter virausgesot.
De ville Wand huet och Repercussiounen op de Fluchverkéier. Um Findel sinn eng Partie Flich ofgesot.
intempéries prévues cette nuit ➡️ suivez l'évolution de la situation sources officielles: https://t.co/eJTUyYhV8d https://t.co/z2MHYtEmjH https://t.co/13RfwENFV6 @infocriseLU @CGDISlux, ainsi que les médias nationaux.
- Taina Bofferding (@TainaBofferding) February 9, 2020
communiqué cellule de concertation: https://t.co/2R0pteUiAZ
Den Haut-Commissariat à la protection nationale huet de Leit geroden, wa méiglech doheem ze bleiwen. Wien awer virun d'Dier goe misst, dee sollt dat esou séier wéi méiglech maachen an dat anere Leit matdeelen. Saachen, déi riskéiere vum Wand matgeholl ze ginn, sollten een erageholl oder sou festmaacht ginn, datt se net fortfléien. Op kee Fall sollt een op den Daach vun Haiser goen. Sperrmüll a Beem, déi op de Stroosse leien, sollt een dem 112 mellen.
D'Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Leit och opgeruff, fir nëmmen deen Dreck virun d'Dier ze setzen, deen net riskéiert vum Wand matgeholl ze ginn.
Cellule de concertation koum zesumme fir eng Analys ze maachen + Echange ze hunn, nodeems de PIU (plan d'intervention d'urgence "Intempéries") déclanchéiert gouf. Et gëtt sech preparéiert + coordinéiert.
- Taina Bofferding (@TainaBofferding) February 9, 2020
Et gëllt virsiichteg ze sinn - weider Detailer: https://t.co/2R0pteUiAZ
D'Post huet matgedeelt, datt si keng Zeitunge wäerten ausdroen. D'Zeitunge vun e Méindeg ginn zesumme mat den Zeitungen vun en Dënschdeg ausgedroen.
Zu Diddeleng ginn haut Méindeg keng Varlorlux-Tuuten agesammelt.