LSAP Alex Bodry: blo-rout-gréng an Zukunft net auszeschléissen

Hie kéint sech eng Zukunft vu Blo-rout-gréng virstellen, wann d'Wieler et géifen erméiglechen, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. radio 100,7-Informatiounen no géif d'LSAP véier vun hiren aktuell 13 Sëtz verléieren, dovun zwee Sëtz am Süden. Domat kéim d'LSAP insgesamt op just nach néng Sëtz. D'Sozialistesch Partei wier da just nach déi drëttstäerkst Partei am Land.

Mick Entringer / cz

Alex Bodry
Alex Bodry

Am Lëtzebuerger Wahlsystem kéint en Ënnerscheed vun e puer Zéngtelprozent, e Sëtzgewënn oder e Sëtzverloscht ausmaachen, seet den Alex Bodry. Dobäi kéim d'Feelerquot vun deene Sondagen. Dofir misst een eigentlech soen, datt no de leschte Resultater vun de Sondagen, d'LSAP wahrscheinlech tëscht néng an 12 Sëtz kritt hätt. Dat géif sech aus der Forschett vun der Feelerquot vun deene Sondagen erginn. Esou wär et och bei den anere Parteien. "Et ass also eng ganz grouss Ongewëssheet do".

Doriwwer eraus kéint hie sech an Zukunft eng méi enk Zesummenaarbecht mat deene Grénge virstellen. Dat hat hien an engem Interview mam Onlinemagazin Reporter.lu gesot. Mat sengem Message hätt hien eigentlech wéilte soen, datt d'LSAP nach ëmmer Gemeinsamkeete mat deene Gréngen gehat hätt, och no den Diskussiounen iwwer d'Uplanzung vun Industriebetriber an de leschte Méint. Eng Bewegung, wéi En Marche a Frankräich Richtung Mëtt-riets, wéi si den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider an engem Interview envisagéiert hat, kéim fir den Alex Bodry net a Fro.

Géigeniwwer der Stäerkt vun der CSV misste sech déi aner Parteien d'Fro stellen, op et net Zäit wier, fir sech anescht opzestellen, fir ze verhënneren, datt een an eng Situatioun erakënnt, wou ee sech just nach d'Fro géif stellen, wien de Mini-Koalitiounspartner vun enger CSV géif ginn.

"déi gréng ticken ähnlech wéi mir"

Op d'Fro, ob déi gréng d'LSAP a sozialen Dossieren ënnerstëtzt hätten, äntwert den Alex Bodry: "déi gréng ticken ähnlech wéi mir an deenen dote Punkten. Et ass wouer, datt si an Diskussiounen eis Meenung gedeelt hunn, mee net ëmmer onbedéngt offensiv an den internen Debatten intervenéiert sinn." Et hätt een ënnerschiddlech Sensibilitéiten, wat och normal wier, schliisslech géif et sech ëm zwou Parteien handelen.

"Mir wäerte vläicht och ni eng Partei ginn", sou den Alex Bodry.

Ekologie an dat Soziaalt wieren zwee grouss gesellschaftlech Defien. Op der Basis vun dësen zwou Achse kéint een an den nächste Joerzéngten eng Beweegung opbauen.

Keng Koalitiounsausso virun de Wahlen

Et géif een awer kee Lagerwahlkampf maachen. Genee wéi déi aner Parteien géif d'LSAP virun de Wahlen och keng Ausso iwwer Koalitioune maachen. "Mir schloen dës Wahle mat eisen eegenen Iddien", seet den Alex Bodry. Koalitioune wäerte sech no de Wahlen, op Grond vum Kräfteverhältnis an op Grond vu Schnëttmengen tëscht de Programmer bilden. Domat géif hien näischt anescht soen, wéi Politiker vun der DP an deene Gréngen.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Roger Negri
LSAP

Trotz interner Kritik wär d'LSAP keng zerrasse Partei, et misst awer méi matdiskutéiert ginn. Dat géing elo och geschéien, seet de Roger Negri. Kritesch LSAP-Deputéiert misste sech méi an der Fraktioun abréngen.

Ben Fayot
Ben Fayot

Et wier positiv, "wa jonk Leit, och ouni e fäerdege Programm virzeleeën, de Wonsch äusseren, fir méi ze diskutéieren", seet de Ben Fayot. Partei-intern hätt déi Reflexioun scho laang misse geféiert ginn.

Franz Fayot LSAP
LSAP

Zéng LSAP-Memberen hunn en Appell lancéiert, fir d'Partei z'erneieren. Schonn 2014 ass e Pabeier mat Recommandatiounen entworf ginn. Dësem wär allerdéngs net Rechnung gedroe ginn, seet de Franz Fayot.

bodry wiseler
Riicht Eraus: Alex Bodry vs Claude Wiseler

Pensiounen, Kafkraaft, Mindestloun, Steiergerechtegkeet a Sondagen. Doriwwer diskutéieren d'Fraktiounspresidente Claude Wiseler (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

Jean-Claude Franck Kommentar
Wirtschaftschronik

D'Zukunft vum (ekonomesche) Wuesstem ass ee vun deene Sujeten, iwwert deen dëst Joer vill diskutéiert gouf. Leider net an den néidegen Nuancen. Lëtzebuerg brauch eng kohärent Zukunftsplanung.

Jean-Claude Franck Kommentar
LSAP

D'LSAP huet bei de Gemengewahle bal fënnef Prozentpunkten u Stëmme verluer. Donieft bréngt si et a wichtege Gemengen net fäerdeg, an eng Koalitioun ze kommen. Mä kee wëllt Responsabilitéit iwwerhuelen.

Claude Haagen
Gemengewahlen

Et wier en "nationalen Trend", datt d'CSV vill Lëschtestëmme géif kréien, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. D'LSAP huet just nach an dräi Gemengen eng absolut Majoritéit.

Etienne Schneider Riicht Eraus
Chamberwahlen 2018

2018 wëll den Etienne Schneider nees LSAP-Spëtzekandidat sinn an déi blo-rout-gréng Koalitioun weider féieren. Den Echec vum Sozialist Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellë bedauert hien net.

Claude Karger_Raymond Klein_Romain Hilgert.jpg
Dräi an en halleft Joer Blo-Rout-Gréng

Des zweet Legislaturperiod ouni Regierungsbedeelegung vun der CSV zënter dem zweete Weltkrich kritt net de selwechten historesche Stellewäert wéi déi éischt, esou de Konsens ënner Journalisten.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen