Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Widderspréch an de Sondagë vum Politmonitor

Riicht Eraus: Alex Bodry vs Claude Wiseler

Widderspréch an de Sondagë vum Politmonitor

Déi rezent Politmonitor-Sondagen däerf een net iwwerbewäerten, mä d'Parteie géifen déi ënnert d'Lupp huelen, seet den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. Et géifen iwwerdeems Widderspréch an deene Sondage ginn. Op där enger Säit géif d'CSV bei der Fro iwwert d'Wahlabsichten déi meeschte Stëmme kréien, d'LSAP an d'DP géifen u Sëtz verléieren. Wann een déi aner Sondagë géing analyséieren, wier d'Bild een anert. 80 Prozent vun de Leit géifen zum Beispill hir eege Situatioun an déi vum Land als positiv bewäerten.

auto_stories

5 min

Dee selwechte Constat géif ee bei de Sondagen iwwert d'Popularitéit vun de Politiker mierken. An den Top-10 fënnt ee fënnef LSAP-Politiker erëm. Dat wier och ee Widdersproch, dee schwiereg z'erkläre wier, esou den Alex Bodry.

"D'Erausfuerderung fir d'LSAP ass et, d'Popularitéit an d'Kompetenz, déi eise Spëtzeleit zougerechent gëtt, grad ewéi déi gutt Situatioun vum Land, wéi jiddereen se och subjektiv spiert, datt mir déi och ëmmënze kennen a Stëmme fir eis Partei."

Wou kandidéiert d'Viviane Reding?

An de Sondagë placéiert sech d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding a punkto Popularitéit virum Claude Wiseler.

"Ech si frou driwwer, datt mir kompetent Leit hunn, wéi d'Viviane Reding mat all där Erfarung, déi si um europäesche Plang ugesammelt huet. Ob si am Süden oder am Zentrum d'nächst Joer mat an d'Chamberwahle geet, dat gëtt de 24. Mäerz 2018 um CSV-Kongress decidéiert."

Zum Succès vun der CSV, deen an dësem Sondage kloer erauskënnt, mengt den Alex Bodry, et géif zu Lëtzebuerg eng konservativ Grondstëmmung ginn. Lëtzebuerg wier net dat Land, dat Champion ass fir andauernd wëlle Changementer ze hunn. Themen, déi am Ausland aktuell sinn, wéi d'Immigratioun oder d'Sécherheet, wieren Themen, déi konservativ Reflexer éischter provozéieren.

"Ech géif soen, de séchere Wee dës Kéier fir Lëtzebuerg ass och d'Bereetschaft, fir nei Weeër ze goen. An et ass dee Message, dee mir als LSAP, als Partei vum Fortschrëtt a vun der Gerechtegkeet, wëlle weiderdroen."

CSV eng Zentrumspartei?

D'CSV wier eng Rietspartei, ënnersträicht den LSAP-Fraktiounspresident. Dat wier elo déi nei Kommunikatiounsstrategie vun der CSV, si wéilt sech ëmmer als Zentrumspartei duerstellen.

"Et ass grad wéi wa mir géife soen, mir wiere keng Lénkspartei. Wou wieren dann d'Rietsparteien! Da wier Lëtzebuerg dat eenzegt Land, wou et keng Rietsparteie géif ginn, wann d'CSV eng Zentrumspartei wier", kritiséiert den Alex Bodry.

Eppes, dat de Claude Wiseler kontestéiert.

"Ech consideréieren ons net als eng konservativ Partei, mee als eng Zentrumspartei, déi an der Mëtt vun de Leit steet a probéiert Äntwerten ze ginn op déi Suergen, déi sech haut stellen."

Weider Erhéijung vu Kafkraaft néideg

CSV an d'LSAP si sech a Punkto Mindestloun eens, datt een an der Steiertabell d'Leit nach kann entlaaschten. D'CSV ass awer géint d'Propos vum OGBL a vum LSAP-Aarbechtsminister, fir de Mindestloun an Etappen ëm zéng Prozent eropzesetzen, dat fënnt de Claude Wiseler net realistesch.

Den éischte Januar 2017 ass d'Steierreform a Kraaft getrueden, déi d'CSV net matgestëmmt huet, déi di kleng a Mëttel héich Léin däitlech steierlech entlaascht huet.

"Netto huet ee Mindestlounbezéier dëst Joer 1.000 Euro méi erauskritt, wéi 2016. Dat ass net näischt, mä dat geet eis net duer. Mir mengen och, datt d'Erhéijung vun der Kafkraaft muss weidergefouert ginn. Mir musse kucken, datt dee Wuesstem méi gerecht opgedeelt gëtt."

D'LSAP wëllt iwwert ee Steierkredit fir Geréngverdénger diskutéieren. Dat hätt d'LSAP bei der Steierreform scho gäre gemaach, mä doriwwer wier et an der Regierung keen Accord ginn, seet den Alex Bodry. Et wier och iwwregens schwiereg gewiescht an der viregter Regierung mat der CSV iwwert eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz ze diskutéieren.

D'CSV hätt d'Steierreform net matgestëmmt, wëll et Steierreduktioune fir Leit gouf, déi bis zu 278 Dausend Euro d'Joer u Revenu hunn, erënnert de Claude Wiseler.

Vertrauensbroch bei de Stock Options

D'CSV fuerdert beim Regimm vun de Stock Options eng déifgräifend Reform. Et handelt sech ëm eng Zort Primm, déi ënnert der Form vu Verspriechen op Aktien accordéiert gëtt. Dee Regimm, dee steierlech gënschteg ass, huet zu Abuse gefouert.

Déi Stock Options goufen ënnert der CSV-DP Regierung agefouert a sollten 2012 verstäerkt besteiert ginn, wat dunn net geschitt ass, kritiséiert den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry.

"Et ass erstaunlech, datt d'CSV elo ee Joer virun de Wahlen dat verbrennt, wat si nach virun e puer Joren ugehimmelt huet. Am Kader vun deem leschte Spuerpak ënnert der CSV-LSAP-Regierung war ausgemaach ginn, datt de Steiersaz sollt op 20 Prozent eropgesat ginn. Datt de fréieren CSV-Minister dat net ëmgesat huet, ass fir mech ee Vertrauensbroch."

Pensiounssystem mat héije Reserven

D'CSV fuerdert eng Diskussioun iwwert d'Zukunft vum Pensiounssystem. Vun 2023 u géifen d'Depensë méi séier an d'Luucht goen, wéi d'Cotisatiounen. Dee ganze Pensiounssystem baséiert op engem demografesche Wuesstem, deen net realistesch wier, seet den CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler.

D'Reserve vun der Pensiounskeess leie bei 15 Milliarden a ginn duer, fir dräi Joer laang d'Ausgaben ze couvréieren. Dofir soll een d'Leit net veronsécheren, ënnersträicht den Alex Bodry.
D'Gesetz gesäit, am Fall vun engem Desequiliber, ee Mechanismus vir, deen et erméiglecht, d'Ausbezuele vun der Allocatioun Enn vum Joer an den Ajustement vun de Rente spillen ze loossen. Bei engem Punkt si sech déi zwee Politiker awer eens.

"Dee Punkt, wou mir net genuch virukoumen, ass dee vum effektive Pensiounsalter. An der Tranche tëscht 60 a 65 Joer sinn nëmme méi 20 Prozent berufflech aktiv, wat vill ze vill niddreg ass am Verglach zum Ausland", doriwwer ware sech béid Politiker eens.