Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All Dag hei ass anescht"

Sammelplaz um Kierchbierg

"All Dag hei ass anescht"

Zanter bal engem Mount gëtt et um Kierchbierg e Sammelpunkt fir Spenden, déi an d'Ukrain bruecht ginn. Déi éischt Deeg wier d'Resonanz riseg gewiescht soen d'Organisateuren. Déi lescht Woch wier et awer zu engem Abroch bei de Spende komm.

auto_stories

4 min

Am Donatiounszenter um Kierchbierg ze schaffe wier wéi eng Achterbahnfahrt, erzielt ee vun de Fräiwëllege sur place: deen een Ament géif ee googlen, firwat verschidde Saachen, déi een entgéint hëlt, eigentlech gutt wieren. Den anere Moment géif ee vun den Aarbechter an Tréinen ausbriechen, well en d'Noriicht vum Dout vun engem Familljemember un der Front krut.

Den Alex ass ee vun den Haaptfräiwëllegen um Site

Den Alex, e Freelancer dee wéinst der Pandemie wéineg Aarbecht huet, kënnt aus Polen a wunnt zanter engem Joer zu Lëtzebuerg. Wou de Krich an der Ukrain ausgebrach ass, huet hie sech geduecht: "Ech hunn zwar keng Suen, mee ech hu vill Zäit fir ze hëllefen". Hie war ee vun den éischte Volontairen um Site um Kierchbierg an huet séier méi Responsabilitéit iwwerholl.

Ee Camion den Dag mat 15 Tonne Spenden

Bannent 24 Stonnen, no engem Treffe mat der LUkraine asbl, der Organisatioun vun den Ukrainer, déi zu Lëtzebuerg liewen, hunn d'Hôpitaux Robert Schumann Plaz gemaach fir dëse Sammelpunkt op d'Been ze stellen. Zur Strooss hi steet nieft der Klinik e grousst wäisst Zelt, an deem bis zu 10 Fräiwëlleger gläichzäiteg d'Spende vun de Leit entgéint huelen an a grousse Backen zortéieren. Hannenaus, wou d'Klinik normalerweis d'Samuen stationéiert a säi Stockage huet, sti Paletten a Këschten, déi all Dag op e Camion geluede ginn.

Den 18. Mäerz sinn zwou Ladungen Camion fortgefuer vun der Sammelplaz

Déi éischt 14 Deeg hätt ee siwen Deeg an der Woch, vun 8 Auer bis 18 Auer geschafft, fir der Aarbecht nozekommen, seet den Alex. Den Dag gouf op d'mannst 15 Tonne Spenden (tëscht dräi a véier Camionen) opgelueden, oft esou guer méi.

Dee Camion fiert dann op Minsbech, wou d'Ladung ëmgeluede gëtt an e méi grousse Camion, deen direkt an d'Ukrain fiert. Den Trajet dauert knapp zwee Deeg, d'Spende kommen dann an engem Stockage bei Lwiw un, zu deem d'LUKraine ASBL Kontakt huet.

Këscht mat Medikamenter dra gëtt beschrëft.

Vu dass de Sammelpunkt eng Fräiwëllegeninitiativ wier, hätt een uganks vill Feeler gemaach, erkläert den Alex. Zum Beispill hätt een d'Medikamenter einfach an eng Këscht beienee geluecht. Eigentlech misst awer en Ziedel dobäi leien, op deem genau drop steet, wat an der Këscht dran ass. Mëttlerweil hätt een eng Pharmazeutin fonnt, déi sech fräiwëlleg ëm dës Aufgab këmmert. Insgesamt wieren et den Ament eng 250 Fräiwëlleger, déi sech gemellt hätten, fir op der Sammelplaz ze schaffen.

Besonnesch Iessen a Saache fir kleng Kanner ginn elo gebraucht

Vill Leit hunn an deenen éischten Deeg Kleeder um Kierchbierg laanscht bruecht - esou vill, datt d'Stockageplaz op eemol komplett mat Kleeder zougestallt war. Deemools huet een de Sammelpunkt missten zoumaachen, erzielt den Alex. D'Kleeder goufen dunn triéiert an net un d'ukrainesch Grenz bruecht, mee op Contern, wou ukrainesch Flüchtlinge kënne Saachen ofhuele ginn. Den Alex ënnersträicht, datt praktesch alles, wat um Kierchbierg gespent gëtt an d'Ukrain kënnt - ausser eben d'Kleeder.

An der leschter Woch wieren d'Spenden awer staark ofgefall, u verschiddenen Deeg géif een net emol e Camion voll kréien. Et wier virun allem elo Iessen - fir Mënsch wéi fir Déier - a Bébéssaachen, déi géifen an der Ukrain gebraucht ginn.

Well et keen esou e groussen Undrang méi géif wéi ufanks hätt d'Klinik si lo och gefrot, fir hir Aktivitéiten ze reduzéieren: vun nächster Woch u soll d'Sammelplaz elo just nach Mëttwochs bis Freides op si fir Spenden entgéint ze huelen.