Radioen

On air

Notturno  |  Sidney Gish - Filming School

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Dag um 7h20: den deegleche Bléck op d'EU-Aktualitéit

EUROPA AKTUELL

All Dag um 7h20: den deegleche Bléck op d'EU-Aktualitéit

D'Europäesch Unioun ass e feste Bestanddeel vun eisem Liewen. An eiser Rubrik Europa Aktuell geheie mir e Bléck hanner d'Kulisse vun der EU. Wat stécht hanner der Emissioun? Explikatioune vum Danièle Weber, eiser Korrespondentin zu Bréissel.

auto_stories

2 min

Europa Aktuell, vun dëser Saison un all Wochendag op der selwechter Plaz: Wisou?

Europa huet e groussen Impakt op eis all. Dofir gëtt d'Couverture vun den europapolitesche Sujeten um radio 100,7 grouss geschriwwen. Elo och mat enger fester Sendeplaz. Ëmmer méindes bis freides um 07:20, mat Interviewen, Reportagë vum Terrain, Hannergrondinformatiounen an Analysen.

Geet et just ëm Europa?

Et soll keng Sendung si fir EU-Nerds, déi just Spezialisten oder Leit aus der Bréisseler Bull uviséiert. D'EU-Politik ass den Ausgangspunkt, mee et bleift net derbäi. Dat heescht, et geet zwar och drëm, den (heiansdo) komplizéierten Zesummenhang zum Beispill vun enger neier EU-Direktiv ze erklären.

Et geet sécher och drëm, ganz speziell déi Lëtzebuerger Positiounen ze ënnersichen. Mee dat ass net alles: mir kucken dernieft, wéi sech d'EU-Politik zu Lëtzebuerg auswierkt. Wéi eng Konsequenzen huet d'EU ganz konkret fir d'Leit heiheem? Wat soen déi concernéiert Leit dozou?

Fir "Europa Aktuell" produzéiere mir Beiträg, fir déi mir selwer op der Plaz recherchéieren, mir schwätze mat de Leit um Terrain a liwweren eisen Nolauschterer a Lieser eis eegen Analys.

A wie stécht dohannert?

Ech sinn als fest EU-Korrespondentin haaptsächlech zu Bréissel stationéiert, mir recherchéieren d'Sujeten awer an der Ekipp, och vu Lëtzebuerg aus. A mir realiséieren d'Bäiträg an Zesummenaarbecht mam Radiosreseau Euranet Plus.

De radio 100,7 ass Member vun deem Reseau, nieft anere Radioen aus 13 EU-Länner a profitéiert vu Synergien. Dat fänkt bei reegelméissegen Echangë vun Informatiounen un a geet bis bei den Austausch vun Interviewen, déi vun de Journalisten aus dem Reseau gemaach ginn.


Europa Aktuell leeft vu méindes bis freides géint 07:20 um radio 100,7 a ronderëm d'Auer op eisem Site an an eiser App. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.