Weltklimarot All Eenzele ka säin Deel dozou bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen

Eng vun den Haaptconclusioune vum drëtten Deel vum Rapport vum Weltklimarot: Et wier wuel nach Zäit de Klimawandel ze bremsen, mee heifir missten déi néideg Mesuren - ewéi zum Beispill e Wiessel vu fossille Brennstoffer op erneierbar Energien - séier ëmgesat ginn, seet den Andrew Ferrone. De Lëtzebuerger Vertrieder am internationale Klimarot IPCC mengt, datt de politesche Wëllen heifir do wier. An och déi technesch Mëttele wiere schonn disponibel.

Vesna Andonovic / cz

Andrew Ferrone
Foto: Claude Biver

Net nëmme Politik a Gesellschaft, och all eenzele Bierger kann eng Roll beim Kampf géint de Klimawandel spillen.

Jiddereen huet nämlech eng ganz Rei Stellschrauwen a senger eegener Hand fir säin Deel dozou bäizedroen, datt d'Äerderwiermung op 1,5 Grad limitéiert ka ginn, seet den Andrew Ferrone. Beispillsweis am Beräich vum Transport. Do hätt ee schliisslech d'Optioun vum gratis ëffentechen Transport, verschidde Leit kéinten och op Télétravail zeréckgräifen.

Och doheem ginn et wierksam Stellschrauwen

Energetesch Renovatioune vun Haiser wieren e weideren Usaz fir d'Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren. Wien eng Wärmepompel huet ass onofhängeg vu fossille Brennstoffer a gläichzäiteg och vun der enormer Präisdeierecht, déi den Ament bei dëse stattfënnt.

Doheem bidde sech awer nach weider Stellschrauwen, sou den Andrew Ferrone:

"Datt ee Saachen net lafe léist, wann ee se net brauch, respektiv vun den Temperaturen an den Haiser probéiert eventuell ëm een, zwee Grad d'Heizungen erof ze setzen."

E reduzéierte Fleeschkonsum reduzéiert Zäregasemissiounen

Nieft erneierbaren Energien an engem spuersamen Ëmgang domat, ass och e Wandel am alldeegleche Liewen noutwenneg. Ënnert anerem bei der Ernierung: Et kéint een zum Beispill säi Fleeschkonsum erofsetzen, dat géif Zäregasemissiounen erofsetzen.

Am drëtten Deel vun sengem Rapport huet de Weltklimarot IPCC festgehalen, datt fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, d'Emissioune vun Zäregase schonns bis 2030 missten ëm 43 Prozent reduzéiert ginn.

Méi zum Thema

Friederike Otto Riicht Eraus
Riicht Eraus

Wéi een Undeel huet de Klimawandel un eenzelen extreeme Wiederphenomener? Déi däitsch Physikerin a Philosophin Dr. Friederike Otto ass eng Pionéierin vun dësem neie Fuerschungsberäich.

Iwwerschwemmungen am Gronn
Weltklimarot

An enger neier Evaluatioun vum Fuerschungsstand kënnt d'UN-Gremium zur Conclusioun, datt déi vum Mënsch provozéiert Äerderwiermung quasi iwwerall op der Äerd éischt Spueren hannerléisst.

Jean-Jacques Rommes Meenung
Fräie Mikro

Dee vu Mënsche gemaachte Klimawandel gëtt haut kaum nach bezweifelt. Datt een eppes dogéint maache soll, steet dacks an der Zeitung. Wat dat alles bedeit, schéngt kaum verstanen, fäert de Jean-Jacques Rommes.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen